100 % engagÉiert fir d’gemeng betzder....léiw wielerinnen a wieler, den 8. oktober huet dir...

20
2017 WAHLPROGRAMM Programme électoral 100 % ENGAGÉIERT fir d’Gemeng Betzder. 3

Upload: others

Post on 11-Feb-2021

17 views

Category:

Documents


0 download

TRANSCRIPT

  • 2017WAHLPROGRAMMProgramme électoral

    100 % ENGAGÉIERTfir d’GemengBetzder.

    3

  • Version française disponible sur betzder.csv.lu

    English version available on betzder.csv.lu

  • BETZDORF.CSV.LU | FACEBOOK.COM/CSV.BETZDER

    NOUS SOMMES PRÊTS !Chères électrices et chers électeurs,

    Lors des élections communales du 8 octobre, vous au-rez à nouveau la possibilité de participer directement à la vie politique de notre commune en désignant un nouveau conseil communal.

    Le parti chrétien social CSV est parvenu à trouver la bonne combinaison sur tous les points de vue pour la liste des candidats présentée.

    Nous sommes prêts à mettre en œuvre une politique efficace et à relever les défis auxquels notre commune devra faire face demain. Nous voulons une commune à l’écoute du citoyen, attentive aux besoins de nos en-fants, inclusive, équitable, dynamique et agissant dans le respect des principes d’un développement durable.

    Notre programme électoral vous permettra de mieux comprendre la direction future dans laquelle nous souhaitons nous engager et les jalons que nous nous sommes fixés.

    MARC RIES CHRISTOPHER LILYBLADTête de liste Président CSV Betzdorf

    Retrouvez l’intégralité du programme électoral en français sur : betzder.csv.lu

    MIR SI PRETT !Léiw Wielerinnen a Wieler,

    Den 8. Oktober huet Dir d´Geleeënheet Iech direkt um politesche Liewen an eiser Gemeng ze bedeele-gen, andeem Dir opgeruff gitt e neie Gemengerot ze bestëmmen.

    Der CSV Betzder ass et gelongen déi richteg Mëschung vun Kandidaten ze fannen, nämlech er-fuere mat jonken, dynamesche Kandidaten ze veree-nege fir eng besser a méi gerecht Politik am Wuel vun alle Biergerinnen a Bierger ze maachen.

    Zesummen si mir bereet, mat enger biergernoer, in-klusiver a gerechter Politik d´Geschécker vun eiser Gemeng an de nächste 6 Joer nohalteg ze gestallten.

    Eise Wahlprogramm gëtt Iech en Abléck vun eiser po-litescher Richtung fir d´Zukunft an d´Zieler déi mir eis gesat hunn.

    MARC RIES CHRISTOPHER LILYBLADSpëtzekandidat President CSV Betzder

    VOTEZ CSV!

    Une vision pour votre commune de Betzdorf

    7 priorités pour les 6 années à venir 11 candidats à votre service

    WIELT CSV!

    Eng Visioun fir d´Betzder Gemeng

    7 Prioritéite fir déi nächst 6 Joer 11 Kandidate fir Iech

  • 4

    EIS KANDIDATEN

    RIES MARCBetzder, 39 joer, bestued, 3 Kanner

    Member vum GemengerotIngénieur & Chef d’arrondissement,Ponts et ChausséesCSV Bezierksdélégéierten

    BINTZ PIERREBetzder, 55 Joer, bestued, 5 Kanner

    Maître d‘Enseignement fir Schräiner Sekretär, SportskommissiounComitémember, DT Rued

    BASTOS ISABELLERued-Sir, 49 Joer, bestued, 2 Kanner

    Sekretärin bei Neuberg zu GasperechMember, Integratiounskomissioun

    BALDATO JEAN-MARCBierg, 47 Joer, bestued, 1 Kand

    Pilot

    ENGEL CAROLEMenster, 27 Joer

    Éducatrice Diplomée, Précoce JonglënsterMember, Jugendkommissioun

  • BETZDORF.CSV.LU | FACEBOOK.COM/CSV.BETZDER

    LILYBLAD CHRISTOPHERRued-Sir, 29 Joer, 2 Kanner

    Direkter, Cercle de Coopérationdes ONG de développementMember, Sozial kommissioun & KlimabündniskommissiounCSV Nationaldélégéierten

    KREMER-RIPPINGER LIETTEMenster, 61 Joër, Witfra, 2 Kanner

    Vizepresidentin, CSV BetzderInfirmière-AnesthésisteResponsabel, Services spécialisés,Hëllef DoheemPräsidentin, Sozialkommisioun

    SIGURDSSON OLIOuljen, 48 Joer, bestued, 2 Kanner

    Direkter vun der Administratioun,Loterie Nationale16 Joer Experienz am Bankesekteur

    SCHMIT SYLVETTE,Banzelt, 72 Joer, Wittfra, 2 Kanner

    Besëtzer, Friture Op BanzeltFréier Patronne vun der „Friture Joslet“, Laangjähreg Presidentin vu Gaart, an Heem Ouljen

    MAGNO DEBBIERued-Sir, 39 Joer, bestued, 2 Kanner

    Agent Administratif beiHëllef Doheem JonglënsterMember, SozialkommissiounZumba Instructor zu Rued-Sir

    WAGNER JEAN-MARIERued-Sir, 52 Joer, 3 Kanner

    Chargé de Direction, Arcus Kan-nerhaus Izeg, Elterenvertrieder an der Schoulkomissioun, Member, Elterenvereenegung Betzder

  • MAT DISKUTÉIEREN, MAT DÉCIDÉIEREN

    Eng biergerno Politik an eng transparent Aarbecht am Déngscht vun alle Matbierger sinn d´Iwwerzee-gung vun der CSV.

    Demokratie am Gemengerot

    Eng lieweg Demokratie an e fairt Zesummeschaffen am Gemengerot ass fir eis eng Selbstverständlech-keet. Mir ginn eis intern Regele fir eng transparent a politesch fair Mataarbecht a géigesäitege Respekt. Mir zielen op d’Zesummenaarbecht mat de bero-dende Kommissiounen. Och wëlle mir op zäitlech begrenzte Kommissioune bei spezifeschen a punk-tuelle Projeten zeréckgräifen. All Kommissioun kritt e festen Uspriechpartner aus dem Schäfferot fir e permanenten an domat bessere Lien tëschent der Kommissioun an de politesche Responsabelen. Fir d’Onofhängechkeet vun de Kommissiounen an eng kloer Gewaltentrennung ze garantéieren, sollten Memberen vum Schäfferot net gläichzäiteg Mem-beren vun de Kommissiounen sinn, ausser wann dat gesetzlech virgeschriwwen ass.

    Informatioun a Matsprooch vun de Bierger

    Eng breet Participatioun an eng ëmfaassend Infor-matioun vun de Bierger steigert och d´Akzeptanz an d´Qualitéit vun de getraffene politeschen Deci-siounen. Duerch regelméisseg Biergerversammlunge banne mir eis Awunner mat an d’Entscheedung-sprozesser an. Zemools iwwert nei digital Medien an e staark verbesserten Internetsite den bidirektional Kommunikatioun erméiglecht, kënnen d’Bierger bess-er an Gemengepolitik mat abezunn ginn.

    Administrativ Vereinfachung

    Eis Gemengeverwaltung soll e biergerfrëndlechen an zu gläicher Zäit e modernen a schnelle Service ubid-den. Si muss dofir personell a materiell esou ausges-tatt sinn datt dësen effizienten Fonctionnement ga-rantéiert ass.

    D’Aarbechtszäite vun de Bierger verlaangen flexibel Ëffnungszäite vun eiser Gemeng.

  • BETZDORF.CSV.LU | FACEBOOK.COM/CSV.BETZDER

    Demanden fir Baugenehmegungen musse vill méi séi-er traitéiert ginn an e méi Client-orientéierten Service soll ugebueden ginn.

    Nohalteg Finanzen

    D´Finanze bestëmmen den Handlungsspillraum. D´-finanziell Mëttel mussen net nëmmen responsabel a kontrolléiert, mee méi wéi jee nohalteg agesat ginn. Mat der Gemengefinanzreform vun der aktueller Regierung ass der Gemeng hire Revenue vum Impôt Commercial Communal (ICC) daitlech erofgaangen. Daat kréie mer ab 2020 ze spieren.

    Obwuel der Gemeng nach eng gesond Reserve zur Verfügung steet, musse mir versécheren dass déi och fir zukënfteg Generatiounen nach do ass andeems mir responsabel an nohalteg an eis Zukunft investéieren. De “Plan pluriannuel” verbessere mer a plangen domat transparent d´Folgekäschten.

  • 8

    ENG GEMENG FIR JONK AN AL

    Schoul a Bildung

    Schoul a Kannerbetreiung sinn fir d’CSV eng absolut Prioritéit. Mir wëllen eng kannergerecht an zukunft-sorientéiert Schoul fir eng qualitativ héichwäerteg Erzéiung a Bildung ze offréiren. De Schoulprogramm muss sech den Stäerkten an Schwächten vun den Schüler upassen. Mir setzen eis an fir eng qualifizéiert Ënnerstëtzung a zousätzlech Förderung ausserhalb vum Schoulprogramm. Déi néideg Infrastrukturen an e, sécheren a proppere Schoulhaff sinn ons wichteg.

    Kannerbetreiung

    Zesumme mat den Elteren a Responsabele schaffe mir weider un zousätzlecher Infrastruktur fir d ‘Kanner vun all Alter. Mir wëllen déi bestehend Betreiungsof-feren nach verbesseren an eng équilibréiert, qualitativ an gesond Ernährung der Maison Relais ubidden.

    Fräizäit

    Déi vill Fräizäitangeboter an eiser Gemeng droen zu enger héijer Liewensqualitéit bei. Mir ënnerstëtze wei-derhin all Form vu “Breedesport”.

    Weider Infrastrukturen musse geschafe ginn fir dat all Sportaart seng Aktivitéiten kann ausüben.

    Uebst an Geméis aus dem eegenen Gaart ass hautzedags keng Selbstverständlechkeet méi. Mir wëllen en groussen Gemeinschaftsgaart schaaffen, wou Bierger Parzellen lounen kënnen fir Uebst an Geméis unzebauen.

    Och wëllen mir zu Rued-Syr e “Bike-Park” nom Iech-ternacher Modell bauen.

    Jugend

    Eng solidaresch, inklusiv  a responsabel Gesellschaft muss vun ënnen erop opgebaut ginn. Vun klengem un solle mir eiser Jugend Wäerter bäibréngen ewéi un d’Wuel vum Kollektiv ze denken an sech fir hier Iddi-en an Iwwerzeegungen anzesetzen.

    Dofir wëll d’CSV Betzder besonnesch an d’Jugend investéiere  fir zukünftege Generatiounen d’Moyenen ze ginn fir hier Welt besser ze gestalten. Eis dyna-mesch Jugend ass e vollwäertege Partner fir aktiv a kompetent um Gemeinschaftsliewe matzeschaffen an

  • BETZDORF.CSV.LU | FACEBOOK.COM/CSV.BETZDER

    d´Zukunft vun der Gemeng nohalteg ze gestalten. Mir wëllen der Jugend eng Chance bidden andeems mir an eiser Gemeng weider bezuelbare Wunnraum schaffen. D’Opkafen an d´Erschléisse vu Bauland, d’Ierfpachtsrecht an de “Mietkaaf” sinn ons Instru-menter.

    Senioren

    Eis Gemeng brauch e seniorenfrëndlecht Ëmfeld fir op d´Bedierfnisser vun eisen eelere Bierger ze reagéier-en. Si hunn spezifesch Wënsch a Suergen.

    Si wëlle méiglechst laang an hirem vertrauten Ëmfeld wunne bleiwen, an aktiv um Gesellschaftsliewen deel-huelen. Fir de Senioren eng Chance ze ginn an eiser Gemeng wunnen ze bleiwen, investéiert CSV sech gären an de Projet “betreit wunnen doheem”.

    CSV suergt  dofir, dass d’Wëssen, d’Kompetenz an d’Engagement vun den Senioren an eiser Gemeng net verluer geet. Mir ënnerstëtzen och weiderhin Bes-chäftegungsinitiativen déi eisen eelere Leit kleng Aar-bechte ronderëm d´Haus ofhuelen..

  • 10

    ENG SÉCHER GEMENG MAT STAARKE RETTUNGSDÉNGSCHTER

    Fir d’CSV huet all Bierger e Recht op Sécherheet an ëffentlech Uerdnung a senger Gemeng.

    Sécherheet

    An Zesummenaarbecht mat de Pompjeeë schafe mir e neien, funktionell a strategesch richteg posi-tionéierten, Pompjeesbau ënner Berécksichtigung vun enger kohärenter Vernetzung mat de regionale Pompjeescorpsen.

    Mir gleewen un e Polizeidéngscht den no zu de Bierg-er steet. Obwuel den neie regionale Policebüro leider net op Rued kënnt, wäerte mir eis dofir asetzen – be-sonnesch no den nächsten Nationalwalen – dass eng Polizeipräsenz an eiser Gemeng garantéiert ass.

    Mir suergen duerfir datt d´Schoulgebai, de Schoulhaff, d´Spillplazen an d’ Schoulweeër sécher sinn. Zefouss-goe maache mir méi attraktiv, Foussgängersträifen an Trottoirë gi besser beliicht a méi sécher gemaach.

    Och wëllen mir Défribilateuren am ëffentlechen Raum opstellen fir dat dës an Noutsituatioune all den Bierg-er zu Verfügung stinn.

    Gesondheet

    Eis bestehend medezinesch Offer wëlle mir erhalen a sënnvoll ausbauen. Op regionalem Niveau fuedere mir datt och den Osten vum Land en eegene “Centre médical” kritt.

  • BETZDORF.CSV.LU | FACEBOOK.COM/CSV.BETZDER

    ENG GEMENG DÉI D’MËNSCHE BEIENEE BRÉNGT

    Fir d’CSV ass eng fair Gemeng de Garant fir de so-zialen Zesummenhalt a fördert e friddlecht Mateneen zwëschen alle Bierger. Dobäi sinn d´Kommissiounen an d´Veräiner e wichtege Partner.

    Soziales

    Mir loossen déi Bierger déi a sozialen, gesondhee-tlech, finanziell a familiäre Schwieregkeete sinn net eleng, gräifen do an wou Nout ass a schafen op befris-sten Zäit en encadréierte Wunnraum.

    Mir engagéieren eis fir sozial Hëllefswierker, net nëmme lokal a national, mee och bei internationale Projeten (z.B. Klimabündnis).

    Och d´Gemeng Betzder kann sech nët der Flücht-lingsproblematik entzéien. Mir musse bereed sinn fir Flüchtlingen déi den Statut “Protection Internationale” unerkannt kruten aktiv an eis Gesellschaft mat an ze bannen .

    Mir setzen ons an datt d´ëffentlech Weeër, Trottoiren, Foussgängersträifen an de Betz-Mobile behënnerte-gerecht ausgebaut ginn.

  • 12

    ENG LIEWEG GEMENG

    Fir d’CSV entsteet eng lieweg Gemeng zemools du-erch d´Zesummespill vun de Bierger an de Veräiner.

    Veräiner stäerken

    Et sinn all déi verschidde Veräiner déi d’zentral Roll an eiser lieweger Gemeng spillen an domat en on-verzichtbaren Bäitrag fir dat sozialt a gesellschaftle-cht Zesummeliewe leeschten. Mir sti mat enger gez-ielter Subsidepolitik eise Veräiner bei, an hëllefen hir sozial Zieler ze erreeche, wéi z.B. deenen déi speziell Aktivitéite mat a fir eis Jugendlecher organiséieren.

    Natierlech ënnerstëtze mir weiderhin d´Veräin-er an stinn och de Bierger bei der Grënnung vun néie Veräiner zur Säit. Mir schafen e regelméissege a bessere Manifestatiounskalënner deen et erlaabt ëffentlech Fester an Aktivitéiten duerchzeféieren an ze koordinéieren. Mir hunn eng ënnerstëtzend Hand bei der Organisatioun vu kulturellen, sportle-chen an aner themateschen Evenementer.

    Relioun

    Mir wëllen en Mateneen vun de Reliounen an ënner-stëtzen all Initiativ dozou. D’Gemeng soll reliéise Ge-baier an den Dierfer weider ënnerhalen dierfen, wann dat eng Plus-value fir eist sozialt a gesellschaftlecht Zesummeliewen ass. Reliéis Organisatiounen kënnen, wéi d’Verainer och, vun der Gemeng ënnerstëtzt ginn.

    Kultur

    D’CSV Betzder setzt sech an fir dat Betzder a Bierg Centre Culturel’en kréien déi den jeeweilegen Ufuerd-erungen gerecht ginn.

    Tourismus

    Ons Wanderweeër duerch d’Gemeng sollen nei op-gewäert ginn. Zudeem setzen mir ons an fir eng regional “Velostour” zesummen mat onsen Nope-schgemengen auszeschaffen fir esou ons lokal Res-tauratioun ze ënnerstëtzen.

  • BETZDORF.CSV.LU | FACEBOOK.COM/CSV.BETZDER

    D’GEMENG ALS ZOUVERLÄSSEGE PARTNER FIR EIS EKONOMIE

    D’CSV Betzder gleeft un d’Dezentraliséirung vun eiser Ekonomie fir méi lokal Aarbechtsplazen ze schaafen andeems dass mir lokal Kleng- a Mëttelbetriber ën-nerstëtzen.

    Gläichzäiteg, däerfe mir awer och net vergiessen dass traditionell Familljebetriber - zemools an der Land-wirtschaft - de Grondsteen vun eiser Gesellschaft sinn an mir musse versécheren dass déi sech och an der aktueller ekonomescher Struktur weiderentwéckelen kënnen.

    Lokal Kleng- a Mëttelbetriber

    Vill Studien beweisen dass Kleng- a Mëttelbetriber deenen hier Marchéen haaptsächlech lokal an re-gional sinn di meeschten Aarbechtsplazen schaafen. Duerfir wëlle mir besonnesch dëse Betriber et erméi-glechen hire Sëtz an d’Gemeng ze bréngen, respektiv Entrepreneuren d’Méiglechkeet bidden hei hier Dier-en op ze maachen an flott, nohalteg an innovativ Pro-jeten ze lancéieren.

    Duerch d’Dezentraliséirung vun eiser Ekonomie kënne Bierger méi no bei hirer Aarbechtsplaz wunnen, Transportkäschten reduzéieren an eis CO2 Emissiou-nen verréngeren.

    Zone Économique Artisanale

    An dem Kontext vun Dezentraliséirung, hu mir wëlles op der Rothoicht II (niewend dem zukünftegen Pomp-jeesgebai) eng nei “Zone Économique Artisanale” (ZEA) ze schaafen wou Kléng- a Mëttelbetriber Platz kréien fir hier Aktivitéiten.

    Mir encouragéieren domat och all produktiouns-ori-entéiert Betriber déi schonn an der Gemeng sinn fir hier Aktivitéiten aus dem Duerfkär an d’ZEA ze ver-léeën. An dem Sënn kënnen déi Platzen am Duerfkär nei verwärt ginn fir Wunnraum oder verkaafs-orientéi-ert Betriber déi weider Liewen an d’Dierfer eran brén-gen.

  • 14

    Start-ups an Innovatioun

    Synchroniséiert mam nationale Kader, wëlle mir zemools an de Beräicher Ecoinnovation, Creative In-dustries, ICT a Space héichwäerteg Aarbechtsplazen an eis Gemeng bréngen. An dem Kader ass d’SES en exzellent Beispill.

    Mir lancéieren och Initiativen wou Leit mat innova-tiven Iddien eventuell vun der Gemeng Cofinanze-menter erhalen kënnen wann de Projet verspriech-end schéngt, den Haaptsëtz an eis Gemeng kënnt an schonn aner privat an ëffentlech Investeuren um Projet deelhuelen.

    Landwirtschaft

    Am Dialog mat eise Baueren fördere mir eng nohalteg Landwirtschaft a stäerken d’ëffentlech Bewosstsënn iwwert d´Bedeitung vun der Landwirtschaft als Liww-erant vun héichwäertege Liewensmëttel.

    Mir setzen ons an dat der Landwirtschaft genuch Flächen erhalen bleiwen.

    D´ Landwirtschaft iwwerhëlt och eng wichteg Funk-tioun fir eis natierlech Ëmwelt ze erhalen wou d´Bio-diversitéit ëmmer méi en héije Stellewäert kritt. Dobai

    dierfe di wichteg Roll vun der Landschaftspfleg awer nët vergiessen.

  • BETZDORF.CSV.LU | FACEBOOK.COM/CSV.BETZDER

    WUNNEN AN ENGER NOHALTEGER GEMENG

    Duerch eng nohalteg Gemengenentwécklungspoli-tik suergt d´CSV duerfir, datt d´Entscheedunge vun haut net op Käschte vun de kommende Generatiou-nen getraff ginn.

    Logement

    Iwwerall am Land ginn d’Wunnengspräisser staark an d’Luucht. 2016-17 war et national eng Hausse vu 5,6%. D’Gemeng Betzder kritt des Entwécklungen apaart ze spiere. Eis Jugend huet et besonnesch schwéier an hirer Heemechtsgemeng  no bei Famill a Frënn  ze bleiwen. An dësem schwieregen strukturellen Kontext hunn mir als Gemeng keen anere Choix wéi méi Wun-nraum ze schaafen bis dass um nationale Plang eng Léisung fonnt ginn ass. Leider ass d’Fro momentan net op mir wuessen, mee wéi.

    Dofir setzt d’CSV Betzder sech an  fir e neit Wunnkonzept an der Gemeng ze lancéieren dat be-sonnesch jonk Leit aus der Gemeng cibléiert: Mir wël-len eng “Ecocité” bauen!

    Eng Ecocité ass e Konzept wat Natur a Wunnen méi no beieneen bréngt an besonnesch  vun de folgen-

    de Qualitéiten definéiert ass:

    - 100% erneierbar Energie- Passivhaiser- Nëmme natierlecht Baumaterial (z.B. Holz) dat aus

    nohalegem Ubau kënnt- Keng Pestiziden oder soss schiedlech Chemikalien- Méi Autonomie an der Liewensmëttelversuergeng

    (z.B. duerch e kommunale Gaart fir d’Awunner vun der Ecocité an Platz fir Déieren ze halen)

    - En zentrale Pavillon fir Versammlungen an kulturell Aktivitéiten déi e staarke sozialen Zesummenhalt an Noperschaft fuerderen

    - Eng kleng Bibliothéik mat Büroen fir Leit déi vum Télétravail kënne profitéieren oder soss onofhängeg oder flexibel schaffen

    - Eng autofräi  Zone mat alternativen Transportméi-glechkeeten  déi en Liewensstil  ouni Auto erméi-glechen

    - Souwuel ekologesch wéi och ästhetesch Harmonie mat Natur an Ëmwelt

    Mat dësem Konzept hunn mir wëlles neien, abordabe-le Wunnraum fir bis zu 500 Leit ze schafen déi en di-rekte Lien mat der Gemeng hunn. Et handelt sech be-

    Ee Beispill: “Song Ecovillage” zu Ithaca, New York, USA (Source: http://ecovillageithaca.org)

  • 16

    sonnesch em déi di hei an d’Schoul gaange sinn oder laang hei gewunnt hunn mee déi wéinst  de Praiss-er um private Marché sech et net leeschte kenne fir hei ze bleiwen.

    D’CSV Betzder huet sech schonns mat der Direktioun vun der SNHBM getraff fir iwwer d’Méiglechkeete vun esou engem Projet ze schwätzen. D’SNHBM huet sech bereet erkläert  fir un dësem innovative Projet matzeschaffe.

    D’Ecocité  kéint eventuell  zu Bierg entstoen, wou d’Gemeng scho grouss Terraine besëtzt an domat de Wunnraum fir Leit aus der Gemeng staark subven-tionéiere  kann, ouni dass d’Gemeng domat e finan-zielle Verloscht abéisse misst. De Wunnraum géif vun der Gemeng direkt verkaf oder verlount ginn fir de Maximum un Rentabilitéit fir d’Awunner vun der Ge-meng ze garantéieren.

    Lokal Realisatioun vum Agenda 2030

    Am September 2015 huet sech d’International Commu-nautéit mat den Objectifs de Développement Durable (ODD) nei global Zieler gesat fir eng méi nohalteg an sozialgerecht Welt ze schafen. Am ganzen sinn et 17 Zieler mat enger Reih Indicateuren déi de Progrès zu dësen Zieler an all Land moossen, och zu Lëtzebuerg

    (http : //www. luxembourg .publ ic . lu/ f r/actua l -ites/2017/08/08-agenda2030/index.html).

    Mir wëllen d’Realiséierung vun den ODD och um lokalen Niveau garantéieren. Direkt an den éischten Méint no de Walen hunn mir wëlles en Diagnostik maachen ze loossen fir genau ze gesinn wou d’Ge-meng sech par rapport zu dësen Zieler befënnt. Duer-no kënne mir en Aktiounsplang opstellen fir eis an all Kategorie ze verbesseren, notamment an de Beraich-er Energie, Klima, Inégalitéit, Innovatioun, Waasser an Economie circulaire.

    Och wëlle mir “Baugruppen” (d.h Leit déi zesummen bauen ouni Promoteur) an onser Gemeng an d’Liewen ruffen an ënnerstëtzen, fir esou den Präis vun Wun-nengen méi bezuelbar ze maachen.

    Gemengenentwécklung

    De Bebauungsplang (PAG) ass eist Instrument fir déi eenzel Beräicher, Mobilitéit, Wunnengsbau, Gewerbez-onen a Landschaften nohalteg mateneen ze verbannen.

    Energie, Klimaschutz an Ëmwelt

    Als „Klimabündnisgemeng“ setze mir op en nohalte-gen Ëmgang mat de natierleche Ressourcen. Mir

  • BETZDORF.CSV.LU | FACEBOOK.COM/CSV.BETZDER

    verflichten eis bei der Energieversuergung zu ökol-ogesche Kriterien. Ons Ziel ass et mëttelfristeg den Energieverbrauch an onser ganzer Gemeng konse-quent ze reduzéieren, an dobäi nohalteg Energiequel-len ze förderen.

    Als “pestizidfräi Gemeng“ leeschte mir e konkreten Ëmweltschutz a garantéieren datt eis Gemengeser-vicer och an der Zukunft keng Pestiziden asetzen.

    Wunnen a Bauen hunn eng Schlësselstellung an eiser Gemeng. Dofir fördere mir verstäerkt d’privat Notzu-ng vun alternativen Energiequellen, wéi z.B. Sonne-kollektoren; Fotovoltaikanlagen. Als Ergänzung zu de staatlechen Förderungen ënnerstëtzen mir finanziell d´energiespuerent Bauen an d’Sanéieren vu Gebaier.Mir lancéieren Sensibiliséirungsaktiounen fir ze hellëfen eise Plastikkonsum ze reduzéieren, speziell d’Veräiner ënnerstëtzen mir an dësem Objektiv.

    Mobilitéit

    Eng attraktiv Mobilitéit an eiser Gemeng dréit zu enger besserer Liewensqualitéit bei, dofir gëtt d’“Mo-bilité douce” staark ënnerstëtzt. Zesumme mat den Nopeschgemenge gëtt e Mobilitéitskonzept erstallt.Weider Vëlosweeër sollen lokal wei och regional néi Verbindungen schafen, zemools fir an d’Stad Lëtze-

    buerg an a Richtung Jonglënster ze fueren. Mir set-zen eis mat den Nopeschgemengen zesummen, fir zesummenhängend Vëlosweeër ze schafen, déi fir jid-dereen sécher an kammoud ze befueren sinn

    All ons Foussgängerstraifen, wéi och all Busarrête ginn ëmgebaut fir se konform zu dem néien Standard fir d’Leit mat reduzéierter Mobilitéit ze maachen.

    Och soll verstäerkt op d’Elektromobilitéit gesat ginn, an een Elektrovelo Sharing System an onsen Dierfer agefouert ginn (z.B. City-Mov).

    Mir setzen ons an fir eng besser Offer am ëffentlech-en Transport wei och eng schnell Verbindung un den neien Tram. Och soll d ‘Offer vum Nightlife Bus duerch zousätzlech Fahrten och Mëttwochs erweidert ginn.

    D’ Raseréi an den Dierfer ass ons en Dar am Ae. Mir wëllen bei all Duerfagang Moossnamen ergräifen fir d’Vitesse konsequent ze reduzéieren an esou d ‘Séch-erheet an onsen Dierfer ze verbesseren.

  • 18

    Zu Menster entseet den éischten “shared space” an onser Gemeng ronderëm den Centre culturel. De Stroosseraum ass net nëmmen fir den Auto do, mee soll och kënnen vun den Foussgänger an Vëlosfuerer an aller Sécherheet genotzt ginn

    Waasser

    D´Gemeng ass verflicht eng nohalteg Waasserpolitik ze bedreiwen. Mir sensibiliséieren a beroden eis Bierg-er weider fir eng méi effizient a spuersam Drénkwaas-ser Notzung.

    Offall

    Offall an der Zukunft ass eng wichteg Ressource vu Materialien. Zesumme mat eisem Offallsyndikat “SIGRE” bedeelege mir eis un de wichtegen region-alen a nationale Changementer an der Offallpolitik. Mir dreiwen d´Verwäertung vu Biomass aus dem Gréngschnëtt an organeschen Offäll aus de privaten Haushalte virun. Den Recyclingscenter am Muertend-all soll all Samschdes seng Dieren op maachen.

    Fliegerkaméidi

    Mir offréieren  eise Bierger Ënnerstëtzung fir all hier Rechter auszeüben déi ënner europäeschen an och

    nationalen Direktiven virgesinn ginn fir hier Haiser vun der Belaaschtung vum Fliger-Kaméidi  ze schützen (z.B. Subsiden fir eng dräifach-Verglasung an héich-belaaschtenen Zonen). Mir froen och nach eng onof-hängeg Etüd fir de Kaméidi-Niveau vun de Fligeren an den Dierfer ze verifizéieren well dat d’Rechter op staa-tlech Subsiden déterminéiert.

  • Kommt an diskutéiert mat eis op eise WAHLVERSAMMLUNGEN!

    Mir komme bei Iech

    DEN 2. OKTOBER UM 19.30 AUERCentre culturel zu Ouljen

    DEN 3. OKTOBER UM 19.30 AUERCentre culturel Betzder„An der aaler Schoul”

    DE 4. OKTOBER UM 19.30 AUERCentre culturel Menster

    DE 5. OKTOBER UM 19.00 AUERSyrkus zu Rued-Sir mat eisem Éire-gaascht, den Europadéputéierten Georges Bach

    DE 6. OKTOBER UM 19.30 AUER Gemeng zu Bierg

    3

  • Prinect PDF Report 16.00.047 - 1 - 09/19/2017 02:31:00 PM

    Document overviewFile name: Programme-Betzdorf.pdfTitle: -Creator: Adobe InDesign CC 2017 (Macintosh)Producer: Adobe PDF Library 15.0Author: -Creation Date: 09/19/2017 12:11:01 PMModification Date: 09/19/2017 02:30:53 PMFile size: 20.0 MByte / 20470.7 KByteTrapped: NoOutput Intent: -PDF/X Version: -PDF Version: 1.4Number of pages: 20Media Box: 224.82 x 311.82 mmTrim Box: 210.00 x 297.00 mm

    Summary Error Warning Fixed InfoDocument - - - -PDF/X - - - -Pages - - - -Colors - - - -Fonts - - - -Images - 4 - -Content - - - -

    ImagesColor image resolution 191 dpi is below 250 dpi #1 (14)Color image resolution 217 dpi is below 250 dpi #2 (6-7)Color image resolution 239 dpi is below 250 dpi #1 (9)

    Additional informationSettings used: Qualify_Standard

    Color separations: 4CMYK

    Color spacesDeviceCMYK / DeviceGray / Separation

    Fonts: 9Calibre-Bold Type1 / WinAnsi / embedded subsetCalibre-Bold Type1 / Custom / embedded subsetCalibre-Light (4x) Type1 / Custom / embedded subsetCalibre-LightItalic Type1 / WinAnsi / embedded subsetCalibre-Medium Type1 / WinAnsi / embedded subset

  • Prinect PDF Report 16.00.047 - 2 - 09/19/2017 02:31:00 PM

    ForoRounded-Light Type1 / Custom / embedded subset