exklusiv & live op - img.100komma7.lu · direktioun vum gast waltzing een ofwiesslungsräichen...

13

Upload: lamhanh

Post on 04-Jun-2018

240 views

Category:

Documents


0 download

TRANSCRIPT

Page 1: EXKLUSIV & LIVE OP - img.100komma7.lu · Direktioun vum Gast Waltzing een ofwiesslungsräichen a gutt recherch-éierte Programm presentéiert. ... The Waltzing Cat (L. Anderson) Fiddle-Faddle
Page 2: EXKLUSIV & LIVE OP - img.100komma7.lu · Direktioun vum Gast Waltzing een ofwiesslungsräichen a gutt recherch-éierte Programm presentéiert. ... The Waltzing Cat (L. Anderson) Fiddle-Faddle

2 3

Du 1er au 5 février 2018

LUXEXPO THE BOX | 10 circuit de la Foire Internationale L-1347 Luxembourg-Kirchberg | Autoroute A1, Sortie 8

A N T I Q U E S & A RT FA I R LU X E M B O U R G 5 JOURS DE DÉCOUVERTES POUR LES AMATEURS D’ANTIQUITÉS ET D’ART CONTEMPORAIN

www.thebox.lu

www.antiquaires.lu

Léif NolauschterInnen,

De radio 100,7 steet prett fir 2018, a mir wënschen Iech alleguer vill Gléck a Freed fir dat neit Joer!

Et ass ee Joer, dat sech mat Themen ukënnegt, déi Lëtzebuerg an d’Welt wäerte beweegen.

Mir stinn an de Startlächer fir d’Chamberwahlen an d’Wahlcampagne ze couvréieren. Wat sinn d’Positioune vun de verschiddene Parteien an hir Visioune fir d’Zukunft? Mir ginn Iech d’Informatiounen, déi Dir braucht, fir Iech Är Meenung ze bilden. A mat eisem breede Korrespondentennetz, z. B. zu Washington, Bréissel a Berlin, begleede mir d’Aktualitéit och an de Schaltzentrale vun der internationaler Politik.

Kulturfrënn opgepasst: 2018 ass zur "Année du patrimoine culturel" deklaréiert ginn. Besonnesch am Abrëll widme mir eis mat Hannergrënn a Reportagen deene villfältege Facettë vum Kulturierwen zu Lëtzebuerg.

De radio 100,7 wäert sech och 2018 beméien, Live-Transmissiounen aus der Philharmonie an eis Opname vun éischtklassege Concerten (klassescher oder anerer) fir Iech zu engem besonneschen Erliefnes ze maachen. Mir schäffen och weider aus der breeder musikalescher Offer vun der Union Européenne de Radio-Télévision, a mir bréngen Iech Concertsatmosphär mat deene relevante Lëtzebuerger an internationale Kënschtler direkt an Äre Living.

Vläicht sidd Dir awer och faszinéiert vun Hörspiller, déi mat hire ganz eegene Mëttele Kino am Kapp entstoe loossen? Am Februar vergi mir de Radiopräis fir dat bescht Hörspill 2017 a gläichzäiteg lancéiere mir d’Editioun 2018 vun eisem internationalen Hörspill-Concours.

Forum du débat, Kreatiounsplattform, Concertssall – all dat wëll de radio 100,7 och am neie Joer sinn. An à propos nei: Och eist Programmheft presentéiert sech vun elo un an enger frëscher, méi gerafftener Opmaachung. Entdeckt mat eis déi vill Säite vun 2018!

Är Equipe vum radio 100,7

ImpressumÉditeur: Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, Établissement Public Oplo: 12.000 10 x am Joer gratis verschéckt vum: radio 100,7 | 21a, av. J.F. Kennedy | L-1855 Lëtzebuerg | Postkëscht 1833 | L-1018 Lëtzebuerg Tel.: 44 00 44-1 E-Mail: [email protected] Grafik: Vidale-Gloesener Drock: rekaprint+

Follow us on Facebook: www.facebook.com/100komma7 Twitter: @100komma7

Programmännerunge si méiglech.

EXKLUSIV & LIVE OP 100,7 Säit 04

THEMA VUM MOUNT: BIG DATA Säit 08

Big Data – Haut a muer Säit 10

Schéi Sécher Säit 11

Schrëftsteller vum Mount Säit 12

Komponist vum Mount Säit 13

Wien ass de Chef? Säit 14

Physik a Medezin Säit 15

Coups de cœur Säit 19

Wocheniwwerbléck Säit 20

Page 3: EXKLUSIV & LIVE OP - img.100komma7.lu · Direktioun vum Gast Waltzing een ofwiesslungsräichen a gutt recherch-éierte Programm presentéiert. ... The Waltzing Cat (L. Anderson) Fiddle-Faddle

4 5

Khatia Buniatishvili Pascal Schumacher

De radio 100,7 live vum Eurosonic Festival All Joer am Januar gi sech iwwer 4.000 Professioneller aus der Museks-branche an der hollännescher Stad Groningen Rendez-vous, fir nei Talenter z’entdecken, Kontakter ze knëppen a sech iwwer Technologien an Ent-wécklungen auszetauschen.

Knapps 400 MusekerInnen a Gruppe presentéieren hei hir Aarbecht an 48 verschiddene Concertssäll, wou si drop hoffen, als Newcomer fir ee vun de grousse Summerfestivalle gebucht ze ginn. Leit wéi den James Blake, Royal Blood, Ibeyi oder Ásgeir konnten esou den Eurosonic erfollegräich als Sprangbriet fir hir Karriär notzen.

Um Eurosonic si 37 Radioen aus dem Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision bedeelegt, dorënner och de radio 100,7. All Joer nominéiert eis Museksredaktioun een Act, fir Lëtzebuerg um renomméierte Festival ze vertrieden. 2018 ass dat dem Pascal Schumacher säi Projet Drops and Points.

Donieft huet och d’Lëtzebuerger Formatioun Austinn et bis an d’Selektioun vum Eurosonic-Festival gepackt.

Den Tom Dockal an den Yves Stephany si vum 17. bis den 19. Januar fir de radio 100,7 zu Groningen. An der Emissioun Spektrum melle si sech all Dag tëschent 15:00 a 16:00 mat Impressioune vun de Kënschtler, déi um Virowend opgetruede sinn.

E Samschdeg, de 27. Januar bidde si vun 20:00 bis 22:00 e Réckbléck mat deene beschte Concertsmatschnëtter.

D‘Khatia Buniatishvili spillt LisztDéi extravagant georgesch Pianistin Khatia Buniatishvili verbitt sech an hirem Musizéieren all iwwerflëssege Schnickschnack. Si geet all Partitur op de Fong a filtert och déi klengsten Tëschentéin nach eraus a meesch-tert mat kierperlechem Asaz déi gréissten technesch Schwieregkeete spilleresch.

Expressivitéit a Virtuositéit – dat verlaangt deen zweete Pianosconcerto vum Franz Liszt, deen d’Khatia Buniatishvili, zesumme mam OPL ënnert der Leedung vu sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno, den 18. Januar an der Philharmonie interpretéiert.

Weider um Programm steet Musek aus Tannhäuser vum Richard Wagner an zwee Wierker vum Claude Debussy: "Ibéria" an "La Mer".

De radio 100,7 an den SR2 KulturRadio iwwerdroen dëse Concert den 18. Januar vun 20:00 u live.

18.01.um 20:00

EXKLUSIV & LIVE OP RADIO 100,7

17.01. - 19.01. 15:00 - 16:00, all Dag live an der Emissioun Spektrum

27.01. 20:00 - 22:00

Page 4: EXKLUSIV & LIVE OP - img.100komma7.lu · Direktioun vum Gast Waltzing een ofwiesslungsräichen a gutt recherch-éierte Programm presentéiert. ... The Waltzing Cat (L. Anderson) Fiddle-Faddle

6 7

Sigurdur Flosason (De) LUX Project © Marlene Soares

Gast Waltzing © GilPe

Den Neijoerschconcert 2018 aus dem Escher TheaterSonndes, de 7. Januar iwwerdréit de radio 100,7 de Matschnëtt vum Neijoerschconcert aus dem Escher Theater. Op der Bühn gëtt ënnert der Direktioun vum Gast Waltzing een ofwiesslungsräichen a gutt recherch-éierte Programm presentéiert. Mat dobäi sinn de jonken an dynameschen Antonio Vivaldi Orchestra aus der Lombardei, déi japanesch Sängerin Shiho, de Lëtzebuerger Rapper-Grupp De Läb an nach aner Artisten.

Um Programm:

Around the world The Lord of the Dance (H. Ronan), Irland La Suerte de los Tontos (J. Green), Kuba Children of Sanchez (Ch. Mangione), Mexiko

Pop The Waltzing Cat (L. Anderson) Fiddle-Faddle (L. Anderson) The Typewriter (L. Anderson) Blue Tango (L. Anderson) Mission Impossible (L. Schifrin) Riverside Hotel (Yosui Inoue) Close To You (Burt Bacharach/Hal David) Your Smile (Gast Waltzing/Maggie Parke) The Rose (Amanda McBroom) Smile (Charlie Chaplin/Clarmont Parsons/John Turner)

07.01.um 12:30

EXKLUSIV OP RADIO 100,7

The Sigurður Flosason (De) Lux Project(De) Lux Project: Dat sinn den islännesche Saxophonist Sigurður Flosason an déi dräi Lëtzebuerger Jazz-Museker Michel Reis, Marc Demuth a Jeff Herr. Zënter 2015 maache si qualitative Modern Jazz. Si konzentréiere sech haaptsächlech op d’Musek vum Islänner Flosason, déi da vun de Lëtze buerger Membere weiderentwéckelt an interpretéiert gëtt. An Tëschenzäit huet d’Band eng CD opgeholl, déi 2018 erauskënnt.

De radio 100,7 proposéiert den 22. Januar an der Emissioun Jazz Unlimited eng Opnam vum Concert vum Sigurður Flosason (De) Lux Project vum 9. November 2017 am CAPE zu Ettelbréck.

Et spillen: Sigurdur Flosason, Saxophon Michel Reis, Piano Marc Demuth, Bass Jeff Herr, Batterie

22.01.um 21:00

Page 5: EXKLUSIV & LIVE OP - img.100komma7.lu · Direktioun vum Gast Waltzing een ofwiesslungsräichen a gutt recherch-éierte Programm presentéiert. ... The Waltzing Cat (L. Anderson) Fiddle-Faddle

8 9

THEMA VUM MOUNT

Big Data, iwwersat "Grouss Daten", bedeit quasi onendlech Datebierger, eng Mass vun Informatiounen, déi hautdesdaags dank dem Internet an dem online Businessmodell "Gratuitéit géint Daten" vu jidderengem vun eis zur Verfügung gestallt ginn. All Beweegung am Internet, all Benotzung vun digitale Medien hannerléisst Spuren, an dës Spure gi fläisseg gesammelt. Mä et ass net nëmme wichteg, wat alles un Informatioune gespäichert gëtt. Nach méi wichteg ass, wat duerno mat deenen Date geschitt.

Eng detailléiert a wëssenschaftlech Analys vun deenen Donnéeën huet enorm Potenzial am Bezuch op Konsumgewunnechten, Infrastruktur-besoinen, Zäitmanagement oder Gesellschaftsentwécklungen. Big Data kann d’Wirtschaft an ëffentlech Servicer am Sënn vu méi Effizienz an Nohaltegkeet an Zukunft revolutionéieren. Op där anerer Säit bestinn do-ranner awer och grouss Risiken, net nëmme wat den Dateschutz, d’Privat-sphär an d’Datesécherheet ugeet – bedenklech gëtt et virun allem do, wou artifiziell Intelligenz eng Roll an den Entscheedungsprozesser iwwerhëlt.

BIG DATA

An der Serie Kommunikatioun a Medien stelle mir verschidden Aspekter vu Big Data vir. Mir erklären, wat hannert Big Data stécht a wéi dës Informatiounen zesummekommen. Mir ginn drop an, wéi an zu wéi engem Zweck, dës Daten analyséiert kënne ginn, op hiren Impakt op eis Zukunftsvirstellungen, an datt d’Datesammlung net nëmmen negativ muss sinn, mä och Positives ka mat sech bréngen.

An der Serie Schéi Sécher beliichte mir och déi aner Säit vu Big Data, nämlech déi vun der Iwwerwaachung. Et kléngt wéi Science Fiction, dobäi ass et batter Realitéit: Zënter Jore gesäit een ëmmer méi Kameraen am ëffentleche Raum, alles gëtt opgeholl, kee Schrëtt bleift onbemierkt. Oder ginn et nach wäiss Flecken op der Landkaart? Gëtt et nach Plazen, déi Google Street View nach net fir d’Éiweg keet digitaliséiert huet?

Page 6: EXKLUSIV & LIVE OP - img.100komma7.lu · Direktioun vum Gast Waltzing een ofwiesslungsräichen a gutt recherch-éierte Programm presentéiert. ... The Waltzing Cat (L. Anderson) Fiddle-Faddle

10 11

1 2All Donneschdeg beschreift de Marc Clement an der Serie Kommunika-tioun a Medien, wat Big Data ass, wéi dës Daten entstinn an a wéi wäit si eng Revolutioun fir eis an eis Zukunft kéinten duerstellen.

Data is the New OilAll Geste gëtt enregistréiert a mécht aus eis een Datebierger. Wéi vill Date ginn am Duerchschnëtt gesammelt? Wéi entsteet doraus Big Data? E puer Beispiller.

Revolutioun vun Ekonomie a Gesellschaft duerch Big DataBig Data hëlleft dem Business an der Wëssenschaft beim Aschätze vu méig-lechen Entwécklungen: Konsumverhalen, Energieinfrastruktur an Transport-netzer. Wéi gesäit dat an Zukunft aus?

Wiem seng Daten? – Geforen a MëssbrauchspotenzialWiem gehéieren eis Daten? Dacks gi si un Drëtter verkaf oder weider-geleet. Wéini ass dat souguer Flicht? A wat ass de Risiko, wa si a falsch Hänn geroden?

Zukunftsvisiounen? – The Bigger Picture on Big DataSoziologen, Psychologen a Philosophe probéieren de Mënsch an d’Zukunft ze projezéieren. Wéi eng nei Gesellschaft entsteet, wann d’mënschlecht Verhale quantifizéierbar gëtt?

04.01.um 11:10

11.01.um 11:10

18.01.um 11:10

25.01.um 11:10

BIG DATA – HAUT A MUER

Eng transparent Gesellschaft, kee Fleck méi ouni Surveillance. Dat gesi mir net nëmmen am Alldag, mä och an der Fiktioun. D’Iwwerwaachungsgesell-schaft ass do. De Christian Mosar geet all Samschdeg an der Serie Schéi Sécher op e puer Aspekter an.

Vum Panopticon zur totaler Iwwerwaachung1791 huet den englesche Philosoph Jeremy Bentham eng modern Prisongs-architektur entworf: Eng eenzeg Persoun sollt vill anerer gläichzäiteg iwwer-waache kënnen. Dee Prinzip ass an "1984" vum George Orwell, awer och an eisem haitegen Alldag ze fannen.

Vu Closed Circuit Television bis Google Street View: Alles am BléckAn England gëtt et eng Kamera op eelef Awunner. Hir Biller goufen 2009 a 95% vun de Mordfäll vu Scotland Yard als Beweis benotzt. A mat Google Street View ka jiddereen alles duerchkucken.

D’Surveillance Society am KinoA Filmer wéi "The Truman Show" oder "Panic Room" spillt d’Video-Iwwer-waachung eng zentral Roll. Si ass Manipulatiounsmëttel a produzéiert eng spannend Form vu Paranoia am kommerzielle Kino.

Prinzessin Diana: Makaber IwwerwaachungsbillerZënter Iwwerwaachungskameraen omnipresent sinn, komme Biller vu Ver-stuerwene méi dacks aus där Quell. D’Lady Di ass nëmmen ee Beispill fir dës erschreckend Situatioun.

06.01.um 09:40

13.01.um 09:40

20.01.um 09:40

27.01.um 09:40

SCHÉI SÉCHER

Page 7: EXKLUSIV & LIVE OP - img.100komma7.lu · Direktioun vum Gast Waltzing een ofwiesslungsräichen a gutt recherch-éierte Programm presentéiert. ... The Waltzing Cat (L. Anderson) Fiddle-Faddle

12 13

3SCHRËFTSTELLER VUM MOUNT

De BloggerAm Januar geet et net ëm ee bestëmmte Schrëftsteller, mä ëm ee ganzt Konzept: ëm de Blog. Wéi ass dës Beweegung entstanen, wou féiert se hin a wat bréngt se dem Literaturbetrib?

An dëser Serie geet d’Valerija Berdi op e puer Facettë vum Bloggen an.

Vum Webblog bis bei de LiteraturblogWéi huet de Blog sech bis haut entwéckelt a wéini ass en zum Bestand-deel vun der Literaturwelt ginn? Wéi eng Formen et ginn a wien d’Haapt-acteure sinn, gëtt an dëser Emissioun ënnersicht.

Blogger – déi nei Literaturkritiker?Béis Zonge behaapten, d‘Literaturkritik géing duerch Blogger u Wäert verléieren, mä gesi sech d‘Blogger iwwerhaapt als Literaturkritiker? A wou gesinn déi Professionell d’Gefor?

Ech schreiwen, also bloggen echDe Blog ass eng Plaz, wou Lieser an och Auteuren sech iwwer Bicher a Literatur, déi eegen an déi friem, auserneesetze kënnen. Wie sinn déi bekanntste Blogger a wat beweegt si zum Bloggen?

Literaresch Bloggen zu Lëtzebuerg? Wéi eng Schrëftsteller bloggen zu Lëtzebuerg? Wat sinn hir Beweeggrënn? Wat ass d’Plus-value vum Bloggen a wéi eng Auswierkungen huet et op d’Schreiwen?

08.01.um 11:10

15.01.um 11:10

22.01.um 11:10

29.01.um 11:10

4WEIDERHIGHLIGHTS

Gottfried von Einem (1918-1996)Opgewuess als Jong vun enger Baroness, huet et dem Gottfried von Einem ni u Materiellem gefeelt, an awer huet hie sech vill eleng gespiert. A senge Kompositioune stécht vill Perséinleches – hie verschafft seng Solitude an der Kandheet, den Zweete Weltkrich, seng Verhaftung duerch d’Gestapo oder den Doud vu senger Fra. Dobäi polariséiert hie mat senge Wierker, mol gëtt e gefeiert, mol gëtt e vun de Kritiker zerrass. Mä dat beandrockt de Museker, deen och emol op Konfrontatioun geet, wéineg.

100 Joer nom Komponist senger Gebuert kuckt de Luc Boentges an der Emissioun Komponist vum Mount op d’Liewen, d’Wierker an d’Roll an der Gesellschaft vum Gottfried von Einem, deen haut am Schiet vu sengen Zäitgenosse steet.

E fläissegen AutodidaktVum Autodidakt zum gefeierte Komponist – De Gottfried von Einem gëtt am Studium vum Boris Blacher beaflosst.

Operen: Notate der Zeit"Ich schrieb nie eine Oper, die nicht ihren direkten Bezug zur Zeit gehabt hätte." Mat senger éischter Oper, an där hie seng Andréck aus dem Zwee te Weltkrich verschafft, feiert de Gottfried von Einem en internatio-nalen Duerchbroch.

E streideregen ËmstriddenenAls "Schande für Österreich" gouf de Gottfried von Einem betitelt, mä hien huet net nëmmen agestach, hien huet och selwer d’Konfrontatioune gesicht.

100 Joer Gottfried von EinemDe 24. Januar 1918 gouf de Gottfried von Einem gebuer. Wéi present ass seng Musek 100 Joer duerno nach an de Concertssäll? Wéi wäit ass d’Fuerschung?

Nieft den OperenAm Schiet vu senge grousse Wierker sti seng sinfonesch Musek, seng Lidder, seng Aarbecht als Pädagog a säin Engagement als Organisateur vun engem Festival, dee bis haut besteet.

03.01.um 11:10

10.01.um 11:10

17.01.um 11:10

24.01.um 11:10

31.01.um 11:10

KOMPONIST VUM MOUNT

Page 8: EXKLUSIV & LIVE OP - img.100komma7.lu · Direktioun vum Gast Waltzing een ofwiesslungsräichen a gutt recherch-éierte Programm presentéiert. ... The Waltzing Cat (L. Anderson) Fiddle-Faddle

14 15

Herbert von Karajan © Thaler, E.

5 6WIEN ASS DE CHEF?

An der neier Serie Physik a Medezin ënnerhale sech d’Physiker Carol Eicher an André Mousset iwwert d’Physik, déi hannert der moderner Medezin stécht. Vun historesche Fakten iwwer modern Entwécklungen erkläre si op verständlech Manéier déi ënnerschiddlechst Geräter, Behand-lungen a Krankheeten.

E Sträifzuch duerch d’Geschicht vun der MedezinDéi zwou éischt Emissiounen kucken op d’Urspréng vun der Medezin zeréck a weisen hir Entwécklung bis haut duerch d’Verännerung vun der Gesellschaft, den Impakt vun neier Technik, Materialfuerschung an d’Ent-wécklung vun der Physik.

Beim HausdokterD’Ënnersichunge beim Generalist gi mat onkomplizéierten Instrumenter duerchgefouert. Mir schwätzen ë. a. iwwert Bols-, Bluttdrock- a Féiwer-miessung, an d’Oflauschtere mam Stethoskop.

Ioniséierend Stralung: Rëntgen, Gamma, Elektronen"Rëntgebiller si keng Vakanzefotoen", heescht et vum Gesondheetministère. Rëntgestrale sinn net ongeféierlech, ginn awer an der Medezin agesat – genee esou wéi Gamma- an Elektronestralung och.

Net ioniséierend Stralung: IRMIRM ass d’Ofkierzung vun Imagerie par résonance magnétique a funktio-néiert ouni ioniséierend Stralung. En erméiglecht et, Schnëttbiller vun erstaunlecher Qualitéit hierzestellen.

03.01. an 10.01.um 9:40

17.01.um 9:40

24.01.um 9:40

31.01.um 9:40

PHYSIK A MEDEZIN

D’Dier vun der Bühn geet op, de Concertsmeeschter kënnt eran, den Orches ter stëmmt of a waart op den Optrëtt vum Dirigent. Applaus. De Chef vernäipt sech a gëtt den Asaz. Mat deem Zeremoniell fänkt all Concert un. Mä bis bei déi éischt Nout ass et dacks ee laange Wee, op deem vill Decisiounen ze huele sinn. An déi Entscheedungen trëfft den Dirigent net all eleng. En Orchester ass eng Communautéit vun héich professionelle Museker mat en-ger klorer Struktur an Organisatioun: Et gëtt zum Beispill de Concertsmeeschter an Tutti-Geiist, a fir all Regëster e Solist, deen d’Responsabilitéit huet. An der Emissioun Wien ass de Chef kucke mer eis d’Organisatioun vun engem Symphonieorchester un an erklären och wéi aner Ensembelen, wéi zum Beispill eng Kammermuseksformatioun an e Chouer, funktionéieren.

Den Orchesterchef schléit net nëmmen den Takt

De Concertsmeeschter stëmmt net nëmmen of

De Regësterchef ass och Vermëttler

An der Kammermusek gëtt et kee Chef

De Chouerchef suergt net nëmme fir e propperen Toun

02.01. um 13:30 an 19:30

09.01. um 13:30 an 19:30

16.01. um 13:30 an 19:30

23.01. um 13:30 an 19:30

30.01. um 13:30 an 19:30

Page 9: EXKLUSIV & LIVE OP - img.100komma7.lu · Direktioun vum Gast Waltzing een ofwiesslungsräichen a gutt recherch-éierte Programm presentéiert. ... The Waltzing Cat (L. Anderson) Fiddle-Faddle

16 17

Fran

k P

eter

Zim

mer

man

n ©

Har

ald

Ho

ffm

ann

Ch

rist

op

h S

ietz

en ©

Dan

iel D

elan

gM

itsu

ko U

chid

a ©

Geo

ffro

y S

chie

d

11.01. L‘heure de pointe Donneschdeg, 19:00

Orchestre Philharmonique du LuxembourgGustavo Gimeno: Direktioun Frank Peter Zimmermann: Gei

Strauss: Don Juan Hindemith: Kammermusik Nr. 4, "op.36/3" Wagner: Tannhäuser, "Ouvertüre und Venusberg" (Paräisser Fassung)

16.01. Rising stars Dënschdeg 20:00Christoph Sietzen: Perkussioun Wierker vu Bach, Boumans, Copeland, Ishii, Pärt, Séjourné, Sietzen, Xenakis Résonances 19:30 Christoph Sietzen am Gespréich mam Stephan Gehmacher "Rising stars" - ECHO European Concert Hall Organisation

Nominated by Philharmonie Luxembourg With the support of the Culture Programme of the European Union. Dëse Concert gëtt enregistréiert vum radio 100,7 an de 25.2.18 diffuséiert.

29.01. Récital de piano Méindeg 20:00Mitsuko Uchida: Piano

Schubert: Sonate D 575 Sonate D 845 Sonate D 850, "Gasteiner"

Résonances 19:15 Virtrag Hans-Joachim Hinrichsen (D)

27.01.2018 MET Live Samschdeg, 18:55 am Kinepolis Kierchbierg

Tosca vum Giacomo PucciniAn dëser Oper vum Puccini verwéckelen sech Politik a Libesgeschicht, déi vu virauser scho vum onheemleche Scarpia bedroht gëtt, an enger méi wéi realistescher Handlung. E modernen a staarke Melodrama. Éischt Besetzung: Sonya Yoncheva, Vittorio Grigolo, Željko Lucic, Patrick Carfizzi

Bo

lsh

oi ©

Dm

itri

yGu

ryan

ov

21.01.2018 Bolshoi Live Sonndeg, 16:00 am Kinepolis KierchbiergRomeo and JulietDen Alexeï Ratmansky inzeenéiert dem Shakespeare säi Klassiker, ënnermoolt mam Sergueï Prokofiev senger Musek, a verfollegt mat groussem Talent den Drama ëm d’Libesgeschicht vun der wuel bekanntster jonker Koppel vu Verona. Besetzung: The Bolshoi Principals, Soloists and Corps de Ballet

GEWANNT ZWEE ENTRÉES-BILLJEEËN

Schéckt eis en E-Mail mam gewënschte Concert op  [email protected] oder rufft un um 44 00 44 800.

D‘Gewënner ginn ausgeloust.

Schéckt eis en E-Mail mat der gewënschter Virstellung op  [email protected]

D‘Gewënner ginn ausgeloust.

Page 10: EXKLUSIV & LIVE OP - img.100komma7.lu · Direktioun vum Gast Waltzing een ofwiesslungsräichen a gutt recherch-éierte Programm presentéiert. ... The Waltzing Cat (L. Anderson) Fiddle-Faddle

18 19

VOCAL JAZZ – FOLK & POP – CLASSICAL MUSIC BEATBOXING – CONCERTS – WORKSHOPS

25 - 28/01/2018

FESTIVAL AUTOUR DE LA VOIX

FORK (FI) – BEATVOX (UK) – ENSEMBLE AMARCORD (DE) – HUMANOPHONES (FR) ÅKERVINDA (SE/DK) – ENSEMBLE VOCAL DU LUXEMBOURG – SJAELLA (DE)

MAZE VOICES (NL) – CRUSH?! (LU) – CANTOLX ACADÉMIE (LU) CHŒUR ROBERT SCHUMAN (LU/DE/BE/FR) + SINGING ROADSHOW

INFOS & TICKETS SUR WWW. ACAPELL A .LU

Ville de Diekirch

Ad_100,7_A5_ACapella_PROD.indd 1 15/12/2017 10:19

COUPS DECŒUR

Chaque mois, radio 100,7 sélectionne deux films « coup de cœur ». Gagnez deux billets d’entrée en nous envoyant un courriel à [email protected] avec le titre du film et votre adresse. Les gagnants sont tirés au sort.

The Florida ProjectDirecteur : Sean Baker Avec : Brooklynn Prince, Bria Vinaite, Willem Dafoe

Drame États-Unis 111’

4 nominations à la Quinzaine des Réalisateurs 2017

Moonee, âgée de 6 ans, vit avec sa mère dans un motel rose bonbon à l’ombre de Disney World dans la banlieue d’Orlando et passe ses journées à faire les 400 coups avec d‘autres gamins délurés. Cela n’inquiète pas vraiment sa très jeune mère, Halley, en situation précaire et davantage concentrée sur des plans plus ou moins honnêtes pour assurer ses fins de mois. Sous ses allures de comédie enfantine, ce film jette un coup de projecteur sur ces masses pauvres et exclues du grand rêve américain.

The PostDirecteur : Steven Spielberg Avec : Meryl Streep, Tom Hanks, Alison Brie

Drame, thriller États-Unis 115’

Ce film retrace l‘histoire vraie des Pentagon Papers, l‘un des premiers scoops de l‘histoire du journalisme américain au début des années 1970. Première femme directrice de la publication d’un grand journal américain, le Washington Post, Katharine Graham s‘associe à son rédacteur en chef Ben Bradlee pour dévoiler un scandale d‘État monumental impliquant quatre présidents américains.

Sortie le 17 janvier dans les salles du groupe Kinepolis

Sortie le 24 janvier dans les salles du groupe Kinepolis

Page 11: EXKLUSIV & LIVE OP - img.100komma7.lu · Direktioun vum Gast Waltzing een ofwiesslungsräichen a gutt recherch-éierte Programm presentéiert. ... The Waltzing Cat (L. Anderson) Fiddle-Faddle

RADIO 100,7 WOCHENIWWERBLÉCK JANUAR 2018

MÉINDEG DËNSCHDEG MËTTWOCH DONNESCHDEG FREIDEG

06:00 - 09.00 VIRUM DAG VIRUM DAG VIRUM DAG VIRUM DAG VIRUM DAG 06:00 - 09.0006:00 + 06:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 06:00 + 06:307:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 7:0007:15 Presserevue Presserevue Presserevue Presserevue Presserevue 07:1507:20 Dossier vum Dag Europa Aktuell Dossier vum Dag Europa Aktuell Dossier vum Dag 07:2007:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 07:3007:32 Invité vum Dag Invité vum Dag Invité vum Dag Invité vum Dag Invité vum Dag 07:3207:50 Kultur Kultur Kultur Kultur Kultur 07:508:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 8:0008:15 + 08:20 Presserevue / Dossier vum Dag (R) Presserevue / Europa Aktuell (R) Presserevue / Dossier vum Dag (R) Presserevue / Europa Aktuell (R) Presserevue / Dossier vum Dag (R) 08:15 + 08:2008:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 08:308:35 Kultur Kultur Kultur Kultur Kultur 8:358:50 Auslandschronik Fräie Mikro Medien - / Kulturchronik Fräie Mikro Wirtschaftschronik 8:509:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 9:0009:04 - 12.00 MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN 09:04 - 12.0009:20 Feature Gesondheet a Soziales Feature Economicus Technologie a Wëssenschaft / Café Scientifique 09:2009:40 Ee Mount, een Thema Prisma Physik a Medezin ZäithistorikerIn Recht zu Lëtzebuerg an an Europa 09:4010:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 10:0010:15 Classic Moment Classic Moment Classic Moment Classic Moment Classic Moment 10:1510:30 Invité Invité Invité Invité Invité 10:3011:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 11:0011:10 Schrëftsteller vum Mount Séier lafen oder schwéier schaffen Komponist vum Mount Kommunikatioun a Medien Ich shoppe, also bin ich / Kulturen am Zäitverglach 11:10 11:30 Kultur Kultur Kultur Kultur Grousse Kino 11:3012:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 12:0012:12 - 13:30 IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG 12:12 - 13:3012:15 Auslandschronik (R) Fräie Mikro (R) Medien - / Kulturchronik (R) Fräie Mikro (R) Wirtschaftschronik (R) 12:1512:22 Aktuelles Aktuelles Aktuelles Aktuelles Aktuelles 12:22 12:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 12:3012:35 + 12:50 Kultur Kultur Kultur Kultur Kultur 12:35 + 12:5013:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 13:0013:15 Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) 13:1513:30 SEQUENZA WIEN ASS DE CHEF? KEY TO CLASSICS HIDDEN JAZZ GEMS DÉJÀ VU 13:3014:00 RESONANZEN RESONANZEN RESONANZEN RESONANZEN RESONANZEN 14:0015:00 SPEKTRUM SPEKTRUM SPEKTRUM SPEKTRUM SPEKTRUM 15:0016:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 16:0016:04 - 18:34 ËNNERWEE ËNNERWEE ËNNERWEE ËNNERWEE ËNNERWEE 16:04 - 18:3417:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 17:0017:10 Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) 17:1017:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 17:3017:40 Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) 17:4018.00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 18.0018:15 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 18:1518:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 18:3018:34 - 19:30 TIME OUT TIME OUT TIME OUT TIME OUT TIME OUT 18:3419:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 19:0019:30 SEQUENZA (R) WIEN ASS DE CHEF? (R) KEY TO CLASSICS (R) HIDDEN JAZZ GEM (R) DÉJÀ VU (R) 19:3020:00 BLUE NOTE WORLD Soirée Philharmonique

OCL - OPL - Euroradio - SELConcert EuroradioOper - Symphonie - Kammermusek

BACKSTAGE 20:0021:00 JAZZ UNLIMITED BLACK & WHITE BLUES METAL MELTDOWN 21:0022:00 Panorama (R) Panorama (R) Panorama (R) Panorama (R) Panorama (R) 22:0022:12 OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN OWES - MAGAZIN 22:1223:00 CD - JAZZ SYMPHONIC WINDS BLUE NOTE (R) WORLD (R) SOUNDCHECK (R) 23:000:00 NEW COTTON CLUB (R) TAKTLOS (R) JAZZ UNLIMITED (R) BLACK & WHITE BLUES (R) E - LODIE (R) 0:001:00 - 06:00 NOTTURNO NOTTURNO NOTTURNO NOTTURNO NOTTURNO 1:00 - 06:00

Page 12: EXKLUSIV & LIVE OP - img.100komma7.lu · Direktioun vum Gast Waltzing een ofwiesslungsräichen a gutt recherch-éierte Programm presentéiert. ... The Waltzing Cat (L. Anderson) Fiddle-Faddle

SAMSCHDEG SONNDEG

07:00 - 09.00 VIRUM DAG NOTTURNO

07:00 Noriichten

07:15 Nationale Wochespiggel

07:30 Noriichten MUSICA SACRA

8:00 Panorama Noriichten

08:04 — EARLY BIRD

08:15 / 08:20 Presserevue / Nationale Wochespiggel (R)

08:30 Noriichten

08:35 Kultur

9:00 Panorama Noriichten

09:04 MOIES-MAGAZIN KONFERENZEN / USIICHTEN / MIXTAPE

09:20 Check up

09:40 Digital Pics

10:00 Noriichten Noriichten

10:04 — MUSEKER AM GESPRÉICH / MUSIKALESCH VISITTEKAART / KLASSIKTHEMA10:15 Classic Moment

10:30 Invité

11:00 Noriichten Noriichten

11:04 Lëtzebuerger Filmaktualitéit RIICHT ERAUS

11:30 Kultur

12:00 Panorama Panorama

12:30 ESPRESSO BEATS CLASSIC IN CONCERTApéro OPL - Conservatoire Esch + LIVE Festivals13:30 TRENDSCHEIF

14:00 TAKTLOS MUSEKER AM GESPRÉICH (R) / MUSIKALESCH VISITTEKAART (R) / KLASSIKTHEMA (R)

15:00 BACKSTAGE (R) KONFERENZEN (R) / USIICHTEN (R) / MIXTAPE (R)

16:00 Noriichten Noriichten

16:04 ROCKULTUR NEW COTTON CLUB

17:00 Noriichten Noriichten

17:04 JUNGLE BOOGIE GROOVE CLUB

18.00 Panorama Panorama

18:30 GENERATOR RIICHT ERAUS (R)

19:30 TRENDSCHEIF (R) HUMANITIES TALK / SINGING ACTORS / VOIX D’AUTEURS

20:00 SOUNDCHECK NEI MUSEK AM CONCERT

21:00 E-LODIE

22:00 Panorama (R) Panorama (R)

22:12 OWES - MAGAZIN SOIREE PHILHARMONIQUE (R)OCL - OPL - Euroradio - SEL22:30 ROCKULTUR (R)

0:12 METAL MELTDOWN (R) GROOVE CLUB (R)

1:12 - 07:00 NOTTURNO NOTTURNO

OSTERFESTSPIELE IM FESTSPIELHAUS BADEN-BADEN

Richard Wagners „Parsifal“ mit den Berliner Philharmonikern unter Leitung von Sir Simon Rattle

3 Tage: 29.03. – 31.03.2018

*Preis pro Person im Doppelzimmer

990 €* Zuschlag SGL:

110 €

Beratung und Reservierung in allen Reisebüros von emile weber

Tel.: 35 65 75 – 1 www.emile-weber.lu

ERLEBEN SIE KUNST, KLASSIK & EVENTS mit Voyages Emile Weber

Ann_100,7_2018.indd 1 14/12/2017 10:56

(R): Rediffusioun Programmännerunge si méiglech.

RADIO 100,7 WOCHENIWWERBLÉCK JANUAR 2018

Page 13: EXKLUSIV & LIVE OP - img.100komma7.lu · Direktioun vum Gast Waltzing een ofwiesslungsräichen a gutt recherch-éierte Programm presentéiert. ... The Waltzing Cat (L. Anderson) Fiddle-Faddle

Quand investirdevient aussi simple qu’épargner

www.bcee.lu / speedinvest

Montant minimal à investir très bas

Gestion personnalisée et automatisée

Interface de gestion simple et accessible 24h/24

Convient aussi aux investisseurs débutants

Banq

ue e

t Ca

isse

d’E

parg

ne d

e l’E

tat,

Lux

embo

urg,

éta

blis

sem

ent

publ

ic a

uton

ome,

1, P

lace

de

Met

z, L

-295

4 Lu

xem

bour

g, R

.C.S

. Lux

embo

urg

B 30

775

ww

w.b

cee.

lu t

él. (

+352

) 40

15 -1