s t u e d t h e a t e r g r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor rendez-vous bei mengem...

16
S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r 1

Upload: hoangdan

Post on 05-Jun-2018

283 views

Category:

Documents


0 download

TRANSCRIPT

Page 1: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

1

Page 2: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

2

16 `t ass schéin zu Maacher 11 Cojellico’s Jang 03 D’Hierchtercher aus der Stad 12 D’Léid voan der Drëppchen 09 D’Lidd vum Kachkéis 06 D’Lidd vum Rousefeld 16 D’Meedche vu Lëntgen 14 Das Lied vom echten Jägersmann 09 De Friddensriichter 04 Den aarme Jang 08 Den alen toopige Maan 12 Den décken Heng 05 Den näischnotzege Bléck am Gesiicht 11 Den Noa 06 Dicksiana 13 Eng wouer Geschicht vun der Keelebunn 03 Hei kann ech net bleiwen 05 Manyla 08 Miseler Potpourri 03 Nationalmarsch 15 Tsuang 16 D’Meedche vu Lëntgen 13 Wa së muerges fësche ginn

Page 3: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

3

Nationalmarsch Poutty Stein

Huewermiel gëtt Huewerpaangech Vun dem Glacis bis op d’Gare. Wann’t dech bäisst, mäi Jong, da kraz dech, No der Nuecht, do kënnt den Dag Du meng Heemecht, Lëtzebuerg, Staark am Soff, mee soss net uerg, Huewermiel gëtt Huewerpangkuch A wann et päift , da fiert den Zuch. Wann s d’een hues op denger Pännchen, Blos dem Noper d’Lampen aus. Haalt all fest un onsem Ländchen, Streck den Aasch zur Liicht eraus.

Wat ech hunn, dat wëll ech deelen Mat dem ganze, ganze Land, Well du fënns der nuer nach seelen, Déi de rouden Heenz net kannt. Du do uewen, o du Beschten, Gëff de Känki mir an d’Hand, Looss onst Land sech gléckleg mäschten, Bis de Petrol ass verbrannt. An hänkt schwaarz um Himmel d’Wollek, Zalidot, dann huel deng Flënt, Sang dem gudde brave Vollek D’Heemecht, bis et zou sech kënnt.

D’Hiechtercher aus der S tad L.Petit ca.1913/V.Scotto

1. Huet d’Auer owens aacht geschlon, Da gëtt am Buttek Freed Gläich gëtt den Hittchen opgedon A fort op heem et geet. Nach eemol d’Groussgaass op an of, Dat duerf kee Mënsch hinne verwieren, Well do ginn all déi op an of, Déi d’Meedercher hunn esou giren. D’Hiechtercher aus der Stad, Tipp Topp eraus gemat: Hu si och d’Schoulbicher nach ënnr’em Aarm

Da gi s i ronderem d’Hierz och scho waarm; Vill schéi Versprieche man A blënzle mat den An. Sou huet déi Zort et nach ëmmer gemat, D’Hiechtercher aus der Stad 2. So Marie kuck emol de Pir, Wat as hie flott gekleet; `t soll ee net son dat hien et wier, Wann hien esou do geet.. En Houffert huet e wéi e Fräsch, E Marsch wéi e preisesche Prënz. Mee sécher huet en an der Täsch, Mol net fir e Stéckelche Mënz.

3. An do de Jang deen huet et flott, Op senger neier Plaz. E kritt bei engem Affekot En halwe Su vum Saz; D’lescht wollt hie jo, denk dir mol un, Sech mat menger Schwester bestueden; Mäi Papp dee sot: ‚Du Bouf geest d’un, Soss kriss du de Pupes gefrueden!’ 4. Dofir dir Fraleit loosst iech son, Winnt iech et léiwer of; An d’Groussgaass owes nach ze gon, Eng Kéier op an of; Well wat dir do nach kënnt gesinn, Studenten a Schreiwer als Lompen, Déi an der Täsch kee Su méi hunn Soss séitze si sécher beim Humpen

Hei kann ech net bleiwen Mathieu Lamberty/Nic.Hoffmann 1. Et stong mol e Beemchen ze wäit an der Strooss, deen huet mech mam Weenchen net laanscht sech gelooss. Si koumen du richen Op d’Mooss ech och hat, ech hat net ze wéineg a gouf agesat. Nu sëtzen ech Méint schonns a batterer Nout, ech kräischen a jéimre bei Waasser a Brout. Hei kann ech net bleiwen, hei ass et net schéin. Kee Wäin a kee Béier

Page 4: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

4

Keng Drëppche kee Léin Hei kann ech net bleiwen Keen Tëlé kee Sport, o loosst mech dach heem go’n, soss lafen ech fort 2. Ech wollt mech drop bess’ren, sot äddi der Welt, Ech hu mech am Klouschter als Brudder gemellt. Ech souz op de Knéien an hu nogeduecht Hu Waasser an Äschen op d’Kopp mir geluecht Vum ville Brevéiren eleng an der Zell Gouf ech esou dréchen, ech spuert a mir d’Hell. 3. A wéi et nees ‚Bums’ gong, do war et geschitt, Du huet meng aarm Séilchen Gläich Flilleke kritt. Ech sichen am Himmel wéi benzeg nom Bar Et war keen ze fannen`t war alles sou rar. Ech krut näischt ze drénken mat all mengem Goss O bréngt mer e Pättchen, soss gëtt et Verdross.

Den aarme Jang Poutty Stein - 1917 1.Kennt dir d'Lidd vum aarmen, aarme Jang 't reimt sech meeschtendeels mat Rang a Frang, an de Commis séngt et an den Här, 't ass dat Lidd, dat Lidd vum Fonctionnaire. 2.Op der Schoulbänk do gesäit een 't schunn: deen, deem d'Sëtzen nimols wéi gedunn, deen, deen d'Zëmmerloft ka gutt verdron, deen, dee muss och bei d'Beamte gon. 3.Huet hien all seng Bänken ofgerëtscht, sech dat Néidegt an de Kapp gequëtscht; ass e scho vum Sëtzen zimlech wënsch, dann, dann trëtt en un als Bureaumënsch.

4.Ënnrem Daach, am alen Hënnerbau, fofzeg Trape sinn et ganz genau, lénks am Eck an op der Wantersäit, do, do ass wou säi Bureau läit.

5.Do, do fänkt hien da seng Carrière un, tëschent véier Wänn mat Spaweck drun; Stull an Dësch, dat néidegt Schreifgeschir an de Schlëssel fir op d'Haischesdir. 6.An hie schreift a rechent ganz beflass, wann et heiansdo och flemmseg ass, 't heescht nur ëmmer daper ausgehal, well no uewe kënnt een net sou bal 7.Mee wéi dat a jidfer Mënsch sou läit, 't gëtt ee mëll an teeklech mat der Zäit. an dee beschte Stull verhënnert net, dass ee kromm vum ville Sëtze gëtt.

8. Aarme Jang, wou ass däin Ideal! dech erdrécken deeglech Suerge bal, plangs d'och nach sou vill an denger Nout "Een nom aanren", da's Beamtemoud. 9."Een nom aanren" huet de Sproch erfonnt: Gotteswaasser iwwer Gottesland, a säi granzegt, onzefriddent Hierz quëtscht sech Loft an dausend luese Fierz. 10.Nur den éischten huet eng frëndlech Minn, wann et endlech nammel Sue ginn; a bestëmmt, deen Dag wou hie mol laacht, krut e Virgesaten d'Lued gemaacht.

11.Well dir wësst wann een am Kader stierft, deen duerno déi besser Plaz dann ierft; 't brauch een duerfir net gescheit ze sinn, d'Konscht ass, méiglechst, méiglechst al ze ginn. 12.Vun dem Waarde gëtt dann no an no d'Box méi blénkeg an de Kapp méi gro, a vun all deem stëppsgen Aktewouscht spiert ee schonn de Bureauhouscht. 13.Ass hien da fir näischt méi Gutts ze hunn, réckt en endlech och un d'Spëtzt erun; huet de Rang an dobäi och de Frang, mee 't ass aus da mat dem aarme Jang

Page 5: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

5

An deen näischnotzge Bléck am Gesiicht Poutty Stein/ Louis Beicht 1. Jidd Muergen gesouch ech et kommen Jidd Muergen sou lëfteg a fléck, Sou rouseg gesond an sou monter, Sou nettges, sou léif an sou schick. Et koum sou, ech weess net, vum selwen, Mir hunn ons jidd Muergens géngt aacht Par hasard begéngt an de Stroossen A frëndlech ons zou da gelaacht. A wat mer un him sou gefall huet, Et wor jo am Fong wuel net schéin, Mee `t hat eppes u sech, sou eppes, Wat engem de Kapp konnt verdréi’n. Dee Gank an déi Blus an déi Jüppchen, Sou ëmpeg, sou lëfteg, sou li icht; Deen drolegen, drolegen Hittchen An deen näischnotz’ge Bléck am Gesiicht. 2. Beim frëndlech Wénken a Laachen, Do fällt och muench frëntelecht Wuert, A wa sech zwee Hierzer gefalen, Si fanne sech, ier een `t beduecht. Mir hate wéi Kanner ons giren, Mir hunn ons gedréckt a gekësst; Vergaange sinn d’Deeg nuer am Laachen, Déi Deeg, déi een nimols vergësst. An hat ech mol Uersaach ze motzen, Gong eppes net, wéi et sollt sinn, Ech hunn et nuer bräicht ze bekucken, Da wor him scho gläich nees verginn. 3. Natierlech, `t huet eemol misst kommen, Dat louch sou a senger Natur, Säin Hierz wor sou liicht a sou lëfteg, Sou grad wéi seng ganzeg Figur. Et huet mech een Dag ouni Uersaach Mat frëndlechem Laache bedrunn, Net méi an net manner – ganz einfach, Ouns Schlechtes mir wëllen ze dunn. A konnt ech mäin Hierz och net tréischten, Sou wéi wéi hatt mir och gedo’n, Ech weess net, ech konnt him net béis sinn, Ech konnt och keen Haass no him dro’n

Manyla Louis Petit – ca.1915 1. Wéi ech wor an Afrika, Wou d’Leit si vun der Sonn verbrannt. Do wou wiisst de Panama, Do hat ech gir, en hierzegt Kand. O déi An an dee schwaarze Krauselkapp, Komme mir säit hier net méi aus dem Kapp. Laacht hatt mir, O dann hat meng Freed keen Enn, Well et hat sou schnéiwäiss Zänn. Eng Haut sou zaart, A ganz apart a senger Aart. Manyla, du mäin hierzegt Kand. Dir zu Léift ass mäin Hierz entbrannt. Gleef ech kann, wann ech dir et son, Net méi vun dir gon. Komm, mäin hierzegt Kand, Mat mir an onst Land. Do sinn d’Männer nach vill méi trei An och vill méi schéi wéi hei. 2. Owens `t wor géint Mëtternuecht, `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht déi ech hat, wor nach laang net kleng, Well ech duecht bestëmmt hatt wir ganz eleng. Op dem Bauch sinn ech du hannendru geschlach, Well do wor am Zelt e Lach. Muergens um aacht, Hatt mech erwaacht An heemlech laacht. 3. Mee déi Freed wor net fir laang, Ech konnt de Klima net verdroen. Wéi ech du rëm heem si gaang, Wollt ech hunn, hatt soll mat mir gon. Nee, mäi Jong, sot hat mir,`t deet mir séier leed, Mee an ärem Land ass fir mech keng Freed, Hëllst du dir spéiderhin emol eng Fra, Dann nenn du se Manyla, Hei ass meng Hand, Denk un dat Kand am schwaarze Land.“

Page 6: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

6

D’Lidd vum Rousefeld Sepp Thill – ca 1925 / Volleksweis 18.Jh

Es zogen drei Jäger wohl auf die Birsch, trili! Die wollten erlegen die schwarze Wirsch, trila! Die schwarze Wirsch aus dem Pafendall, Oh jëmmen, wie blies der Wind esou kal, trili, trili, trila, trili-i, trili-i, trila! Der erste das war der Bub va Woltz, trili! Der zweite der hieß Rosenstolz, trila! Die andern das waren der Sepp und der Jang Das waren die besten Schützen, pang, pang! trili, trili, trila, trili-i, trili-i, trila! Um Plëssdarm da gungen die Luchten aus, trili Da gingen sie all in die Bädergaass, trila! Da war noch ein einziges Lichtlein an Im Café beim Nikolaus Hoffmann, trili, trili, trila, trili-i, trili-i, trila! Sie rubbelten leise an der Tür, trili! Da trat der dicke Wirt herfür, trila! Der sprach: Dir Sëffer, jee macht iech dach heem! Der Sepp der biedelt: O gëff ons nach een! trili, trili, trila, trili-i, trili-i, trila! Sie traten leise in das Lakull, trili! Die Mariechen saß auf einem Stull, trila! Ein jeder bestellte sich eine Fine, Die Marie bekam eine Benedictine. trili, trili, trila, trili-i, trili-i, trila! Da kamen auch noch drei Preisen herein, trili! Mit einem zu kleinen Mägdelein, trila! Der Jang der stichelt: Krenondidjëss, Ech schlon deenen doen eng gutt an d’Schnëss trili, trili, trila, trili-i, trili-i, trila! Der Josef zu dem Mariechen sprach: trili! Oh nimm mich doch mit in dein Schlafgemach, trila! Denn du bist die schönste Maid von der Welt Und ich bin der Josef Rosenfeld. trili, trili, trila, trili-i, trili-i, trila!

Die Mariechen sprach: Es ist in der Reih, trili! Komm, setze dich in die Fotell hei, trila! Und mach als wie wenn du schlaferig wärst Dann will ich dämpen die andern Gäst. trili, trili, trila, trili-i, trili-i, trila! Der Josef fing gleich zu ronken an, trili! Im Lakull von Nikolaus Hoffmann, trila! Er schlief esou fest als wär er gefreckt Bis ihn das Mariechen mit Këddeln geweckt. trili, trili, trila, trili-i, trili-i, trila! Du holder Josef, steht auf, steh auf! trili! Es läutet schon bei den Pat’ren zu Hauf, trila! Steh auf, steh auf, es ist vollbracht Vorbei ist die schöne Liebesnacht.’ trili, trili, trila, trili-i, trili-i, trila!

Auf einmal geschah ein terribeler Knall, trili! Der Josef der war von der Fotell gefall, trila! Die Fotell streckte die Bein in die Höh Der Josef rieb sich den Dokes, oh weh! trili, trili, trila, trili-i, trili-i, trila! Ihr Leute zieht eine Lehre daraus, trili! Geht immer hübsch zusammen nach Haus, trila Sonst fallt ihr vom Stuhl und verliert euer Geld, Wie weiland der Josef Rosenfeld! trili, trili, trila, trili-i, trili-i, trila!

Dicksiana Dicks - Gustav Kahnt De Lompekré imer – Et woer emol e Kanonéier – Dee fre ie geet – T s i vi ll s ché i Rousen – Méng Freiesch ass en h ierzegt Kand – Du brauchs mer näischt ze schw ieren – D’Pier le vum Da – Ech sinn de groussen Hexemeesch ter – D’Kadette vun der Sprëtz – D’Lëtzbuerger Land 1. Wat op der Erdklatz geet a steet, ass Lomp an ass Vergänglechkeet. Wat op der Erdklatz geet a steet, ass Lomp an ass Vergänglechkeet.

Page 7: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

7

Ech hu mäi Liewen net geziddert, dass ech erhéngre sollt, mat Lompen alles agefiddert, vu Lompen, vu Lompen, vu Lompen d’Welt ass voll. Ech lafe gieren d’Bee mir stompesch, mäi Brout, mäi Brout dat ass gebak. Wat haut nach nei, ass muerge lompesch, era musst a mäi Sak, eran a mäi Sak, eran a mäi Sak – eran a mäi Sak! 2. Et wor emol e Kanonéier Dee louch do uewen op der Rumm Méi schéi wor nach kee Grenadéier A Gottlieb Hurra wor säin Numm. Mir zwee mir wollten ons bestueden, mee fir ons allebéid ze schueden, hunn d’Leit gesot, hie wier voll Schold an du hunn ech dommt Stéck net wollt, an du hunn ech dommt Stéck net wollt. 3. Dee freie geet, sief gutt gekleed, wat blénkt, dat schléit de Leit an d’An all mäi Gezei ass fonkelnei, schéi Fiedere schéi Vulle man! 4. T si vill schéi Rousen an der Stad T ass keng déi méngem Iddii geet; Mee hei, bäi deem verlossene Pad. Do ass et wou meng Blimmche steet. An dat bass du, meng hierzech Séilchen, an dat bass du, du mäi Kapriss; An dat bass du, meng Bëschviéilchen, an dat bass du, mäin artlecht Liss. 5. Meng Freiesch ass en hierzegt Kand, vu Spuenien bis a Polen ass näischt esou a kéngem Land, kee schéinert Meedche kënn der molen. Si kuckt mat hire groussen An Sou frëntelech an d’Welt eran. Sou frëntelech a léif, so frëntelech a léif. An huet se drop och kee Gedank, dee Bléck geet iech duerch Muersch a Schank an d’Séil era wéi déif, an d’Séil era wéi déif. 6. Du brauchs mer näischt ze schwieren du kanns et fräi nu so’n. Du hues mech net méi gieren,

du muss et jo gesto’n. Wëlls du mech da bedréien? Géi, t ass net schéin ze léien A so et léiwer riicht eraus: Deng Léift fir mech ass aus A so et léiwer riicht eraus: Deng Léift fir mech ass aus. 7. D’Pierle vum Da, dat sinn deng Diamanten, d’Blummen um Feld, déi sinn däin Hochzäitskleed. An d’Nuechtigaillercher, dat sinn deng Musikanten, an däin treit Hierz ass meng Gléckséilegkeet, an däin treit Hierz ass meng Gléckséilegkeet. 8. Ech sinn e groussen Hexemeeschter, well wann ech Hokes Pokes so’n, sinn all Gespenster wéi all Geeschter mir ënnerdo’n, mir ënnerdo’n! Kënnt eppes an e Stall geschlach A muerges sinn all Kéi gestrach; Hellt sëch an zwou eng Trauliicht op, sinn Wichtelcher an enger Kichen a setzen d’Kribänk nuets op d’Kopp. Da kommen d’Leit mech sichen, da kommen d’Leit mech sichen. Aa – Kuck elei! Kuck elei! Kuck elei! Den anren Dag, den anren Dag ass alles an der Rei! 9. Dir Birger schloft nun all a Rou D’Stad déi wäert net verbrennen, är Sécherheet ass ëmmerzou am Pompjee sengen Hännen Hei si mer, fierecht net eng Grëtz, well mir si Kierle vun der Sprëtz, well mir sinn all an iwwerall Kadette vun der Sprëtz! 10. Zu Lëtzebuerg stung d’Sigfrieds Schlass do wor zu alen Zäiten d’Wéi vun enger weltberühmter Rass, vun alle Ritter deemols d’Bléi. Kuckt hirer véier droen d’Kroun Vum däitsche Räich um Keesertroun! An d’Hierz dat kluxt iech schon als Kand Fir onst stolzt Lëtzebuerger Land An d’Hierz dat kluxt iech schon als Kand Fir onst stolzt Lëtzebuerger Land

Page 8: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

8

Miseler Potpourri Et wuessen an de frimme Länner vill schwéier Wäiner rout a wäiss se se geséicht vu ville Kenner vum Rhäin bis déi Säit vu Paräis Ech hale mech un d’Muselbléimchen Dat as de Wéngche fir ist Land E geet dem Jonktem wéi dem Eimchen Wa säi en drénke mat Verstand Kättche, Kättche, bréng mer nach ee Pättchen Vun der Musel a soss keen Ei wéi schmaacht mir dee Kadettchen `t ass en Dronk fir Broscht a Been. Drénkt Mislerwéngchen, dee richt’gen Drauwentéi, dee schmaacht iech owes an och nach moies fréi. Dir gitt rëm lëschteg An dir wäert et gläich gesinn, de Mislerwéngchen ass besser wéi all Medezin! D’Lidd vum Muselgreechen ass dat schéinste Lidd, d’Lidd vum Muselgrechen gidd der keemols midd, an de Muselgreechen ass dee beschten Dronk, mécht den Driibsal löschteg an den Alter jonk (2x) Ech drenke gäer mäi Pättchen a mengem Stammlokal - doheem an och bäim Kättchen mir schmaacht en iwerall. Drénkt mat Genoss äert Glieschen a maacht iech näischt ze dinn, well onse Misler Wéngchen ass Häergottsmedezin, well onse Misler ... Looss mer nach e Pättchen drenken op der schéiner Musel, kuckt wéi d’An sou feireg blénke wa mir sinn am Dusel. Bréngt ons léiwer gläich eng Fläsch vun deem allerbeschten! Wat maache mir mat dem Geld an der Täsch? Haut gi mir alles zum Beschten, wat maache mir mat dem Geld ...

Den aalen toopige Maan

Den Thibolds Ed, den Tunnes (Marcel Lorenz), de Buby (Jean Weber), den Thill's Fernand, den Elsen's Gust, de Hoffmann's Ed ... an all di aaner... aus dem Eechternoacher Gesangveräin voan däämools... hon esu gesongen Et woar emol en aalen toopige Maan, Dän hott sich jo geholl en jonk a lestich Fraa. Di Frâ, di wollt bäi de Lorenz danze goon, Daat konnt dän aale Schoofskoap jo net vastoon. "Sô Frâ, wells däou bäi de Lorenz danze goon, Da looss däou mir di Hutschel, di Butschel hei stoon." Du gäht di Frâ zur hennischer Dîr eräous, A fénkt däm aale Schoofskoap en Flantermäous. Tse däht se an en Kaffissduss matt Watt, An drékt däm aale Schoofskoap se flang an de Grapp "Hei hoas däou se, a pass mer goud drop op, Soss räissen aich dir d'Häouer äous der plaak'jer Kopp!" A wii di Frâ voam Lorenz kumm gegaang, Du hott dän aale Schoofskoap ze kräischen (pinschen) oagefaang, "O Frâ, äich hoan en Koaerbel voll Vàdross, 'ch hoan d'Hutschel mat der Butschel zu Fenster räousgeloss!" Du héeft di Frâ hiert Emgeréits erop, A stisst dän aale Schoofskoap mat der Kopp (Schness) flatschdich drop: "Gesäis däou näoun, däou aalen toopige Maan, datt t'Hutschel mat der Butschel jo goar net fléie kann!" Nai geschriiwen, äous da Erennerong, haut op Pappendaach, de 4. Oktober 2008. In memoriam Ed. (mäi Papp hott mer daat Léid NIE gesongen dohääm. "Daat ass näist féer däich!!"... a sù ass säi Médche nie verdooaerwe géen...!) Christiane Feinen-Thibold

Page 9: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

9

D’Lidd vum Kachkéis Pir Kremer/Camille Robert

1. De Yankee ësst mat Genoss ‚Filet Tartare’ De Ruski schwiert nëmmen op de ‚Kaviar’. Beim belschen Noper do gëtt et ‚pommes d’terre frites’ Déi dir fir fënnef Frang op allen Ecke kritt. Zu Marseille schluppt een ‚d’Bouillabaisse’, den Homard mat der ‚Mayonnaise’, zu Tréier gëtt et ‚im Gelee’, Schweinerippche fir déi preisesch Mee. Mee d’lëtzebuerger Stéit Hunn eng Spezialitéit, et ass kee Fleesch, t ass kee Geméis, et ass de Kéis! Ei, ei, ei, ei, mir hu gekachte Kéis T ass e Genoss, dat schmantegt gielt Gefréiss. Kéis op enger, laanger, laanger Kuuscht, an en Humpe fir den Duuscht. Mat Botter drënner, drop e Moschterflapp, ei, ei, ei, ei, wéi schmaacht et dann dem Papp. Mee gitt uecht, de Kéis ass nëmmen echt, wann e pecht, wann e pecht, wann e pecht! 2. Fir esou e gudde Kéis ze kachen do gitt bäileiwen net an eng Molkerei eng Bau’refra mat en etlech décke Brachen bréngt iech déi Saach vill méi schneekeg an der Rei Geféngt, gepresst a gutt getriwwelt, gerappt, gefault, am Bett gemautscht, et ass kee Mënsch deen dat veriwwelt, duerno getriwwelt an zerknautscht. Jo, d’lëtzebuerger Stéit Hunn eng Spezialitéit, et ass kee Fleesch, t ass kee Geméis, et ass de Kéis! (Orig.: La Madelon, 1914)

De Friddensri ichter Fendius/fr.Volleksweis

1. De Riichter Hem, hem! Et ass nun Zäit ze klénglen zur Audienz ze riichten iwwer tCrimmen a menger Competenz Ass alles an der Rei, den Timber net ze fiicht? Da rufft eran de Krom, déi ginn hei all geriicht! Op d’Weis vum tradiralla la .. . 2. Eng Fra Här Juge, mäin Noper kiert säin Dreck mer virun d’Dier T ass net méi auszemaan, ech dréi’n em gëscht derfir Du bréngt en en an d’Plëtz, wat ginn ech nu wuel maan; De beschte Moyen ass dir selwer leet iech dran! 3. De Riichter Hem, hem, hem, hem, ... ! Dat lo dat ass net schéin Doriwwer sprëcht sech aus Artikel honnert zwéin Hem, hem, hem, hem, hem, hem! Esou vill ass gewëss Wann hien nach eemol kënnt, geheit em eng op d’Schness! 4. Eng ‚Fîrkéfesch’ T ass net méi auszemaan, ech komme mech beklo’n Wéi Kréimesch Batti géint mech sech huet bedro’n ‚Al Tulipant’ rifft hien, ganz haart op heller Strooss Huelt Dir et iwwer Iech a peffert him seng Zooss 5. De Riichter Hem, hem, hem, hem, ... ! Dat lo dat ass net recht De Mënsch, dee gëtt all Dag méi uereg a méi schlecht

Page 10: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

10

Mat Muerddot, Déiwerei, ass rampeléiert d’Land Wier t Holz net grad sou deier, d’Batti géif verbrannt! 6. En Här Ass t hei dir Hären all, wou wunnt d’Gerechtegkeet? Da kommen ech erbäi ze kloen iech mäi Leed; E Kniecht hunn ech geschësst, deen net verdéngt säi Loun, du tried e géint mech op a stëfft Revolutioun 7. De Riichter Hem, hem, hem, hem, ... ! Dat lo dat ass ze kéng, doriwwer sprëcht sech aus Artikel honnert néng, Eng Insel musse mir, an op dem Mier placéiert Ons kafen an da gëtt hien dohin deportéiert. 8. Eng Bauerefra Bojour! Bojour! Bojour! Denkt eisem Hirt seng Geess Déi hat jo romp a stomp eis jong Héck ofgefriess! D’Standare ginn net acht, t ass keng méi Polizei Här Riter schlot se dutt, well dofir si der hei! 9. De Riichter Hem, hem, hem, hem, ... ! Dat lo dat gëtt ze bont, déi Geess dat schéngt ze sinn e rechte Vagabond. T ass keen, deen haut méi schafft, t gesäit een dat ze dack Wier t net ze voll am Gronn, déi Geess géng an de Back! 10. Eng Madamm Mäi Mann, dat ass eng Lomp, e mécht mer alles drop, e spillt, en trëllt a säift, geheit mer d’Haus op d’Kopp, Här Friddensriichter denkt, e schléit mech hol a blo, am Himmel wier e gutt, ech léif him duer net no!

11. De Riichter Hem, hem, hem, hem, ... ! Wat hu der do gesot? Ma foi, dat muss mer sinn en delikate Stot. Hem, hem, hem, hem, ... ! Ech wëllt dir hätt de Kretz. Kuck du mol Greffiee, ob doriwwer sprëcht d’Gesetz. 12. De Greffiee Hem, hem, hem, ... ! Ech hunn en Hong’r am Läif A schéissen och net gieren haut meng Zong an d’Scheif ‚La femme à son mari, doit obéir ... da bal Déi Damme liese rar am grousse Code pénal 13. De Riichter Gellt Frechen, tass mer leed, mee äere Mann huet recht De Wirt huet näischt ze dunn, wa kee méi lompt an zecht! Hem, hem, hem, hem, ... ! Wéi sinn ech scho sou midd Ass t net bal Mëtteg? Greffiee, t kritt een Appetit! 14. E Meedchen A sot en, huet gesot, a sot en du erëm Ech sot em och, wat hie gesoten du geschwënn A sot hien, ass gesot, a sot e, wollt ech so’n Dat ass Här Juge, fir wat dat ech mëch hei beklo’n 15. De Riichter A sot, en huet gesot, a klot, en huet geklot, der Däiwel géif gescheit an deem, wat dir gesot. D’Audienz ass aus mäi Kand, de Mëtteg huet gelaut Komm Greffiee mir zwee ginn, ech hu mech heess gejaut

Page 11: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

11

Cojell ico’s Jang Theriente/Friedrich Glück

1. Bei einem kühlen Humpen Da saß Cojellico’s Jang Mit einem Zigarstumpen Und einem belschen Frang 2. Ihm graute vor dem Bezahlen Er dachte mit Schreck an sein Kett Gedachte mit höllischen Qualen Des Besen’s neben dem Bett 3. Er sah sein Kett schon im Läppchen Und mit der zackigen Hauff Wie ging dem Jang da der Wäppchen Vor dem ‚Perdo’ ‚Perdauff’ 4. Den Stachel trug er im Herzen Den belschen Frang in der Täsch Und voll Verzweiflungsschmerzen Bestellte er eine Fläsch 5. Wie tief bist du gesunken O Jang, was fängst du nun an? Als er sich satt getrunken Spielt er den wilden Mann 6. Der Wirt der nahm ihn beim Sterzen Die Police nahm ihn mit fort Der Jang sang: ‚An eurem Herzen da ist der sicherste Ort’ 7. In einem kühlen Grunde Sitzt nun Cojellico’s Jang Sein Kett hat ihn nicht geschunden Auch blieb ihm sein belscher Frang! (Orig.: In einem kühlen Grunde, 1814)

Den Noa Dicks/Reissiger 1. Kaum wor de Noa aus der Këscht Koum Gott der Här bäi hie gewëscht Dee seet him: ‚Héier, ale Jong! Du hues verdéngt en neit Puer Schong Mee well ech esou zefridde sinn Heesch du nach méi, vill kann ech ginn.’ 2. Du seet den Noa: ‚Oh, mäi Gott, ech héil mol gieren eng Ribott äert Waasser schmaacht mir glat net méi, et mippst no deem ersäifte Véi an no der ganzer Mënschheet och, huet dat nach keess sou vill geroch.’ 3. Du gräift Gott an de Paradäis a pléckt vun enger Rief e Reis. ‚Dat ass eng Planz, versuergt se gutt, da feelt der haut d’Kaap, muer den Hutt.’ Den Noa gouf drop, wéi ee seet, schon dronken aus elauter Freed. 4. E rifft seng Kanner, d’Fra, d’Gesënn a päift vu Gellecht sengen Hënn. ‚Kuckt, wat huet onser Härgott bruecht! Nu gläich e Wéngert ugeluecht; E grousse Keller wëll’ mer maan An dann do mir de Greechen dran.’ 5. Den Noa wor e gudde Krëscht, en huet de Pättchen oft erwëscht. Wie seet em dofir eppes no? Zu Eire Gottes drénkt e jo. En drénkt och, nodeem d’Sinnflut wor, dräihonnert an nach fofzech Joer. 6. Wat geet aus der Geschicht ervir? Dat schreift iech alleguert op d’Stir. Fir datt mer kënne séilech ginn Huet Gott de Wäin ons selwer ginn. Loosst nëmmen allzäit d’Waasser sto’n: Eng Welt huet misst dran ënner go’n! (Orig.: Als Noa aus dem Kasten war, 1827)

Page 12: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

12

Den décken Heng Theriente/L.Knebelsberger 1. Dem Heng seng Mamm foul d’Trap eran du koum den Heng op d’Welt hien hat e Kapp wéi siwe Mann a wor net ugemellt. De Kanddaf schon koum aus dem Takt Keng Hiewamm huet den Heng gepackt. Den Heng, dee wor ze schwéier, dat wor säi ganzt Ongléck hien ass nach haut wéi fréier den Heng ass vil l ze déck! 2. Du ass den Heng erop gewuess ewéi eng Blumm, déi bléit e gong an d’Breed grad wéi en Ues a krut sech knapps gedréit hie wor mat senge grousse Gräpp ze steif a krut déi meeschte Kläpp 3. A wéi en an der Schoul do stoung a wollt jo an eng Bänk wor keng do, déi him richteg goung si woren all ze enk Sou ass hien haut zwar déck gepänzt Mee domm, hien huet ze dacks geschwänzt! 4. Den Heng hat ëmmer Appetit huet giess, wat Gott verbued mee t huet, wéi dat da gier geschitt kee Mënsch hien agelued Dee Fréisser hat kee gier am Kascht Aus Aangscht, den décke Kärel bascht! 5. Den Heng, deen hat en Hond am Haff an engem Nuetsdëschschaf an huet en dann duerch d’Zänn gepaff da koum den Hond gelaf Vergiewens päift hien dacks, krëttjéiss Da läit den Hond him bäi de Féiss 6. Bäim Danzen huet hie nogekuckt dat wor esou säi Brauch dann huet e béis um Dësch gebruckt et wor wéint sengem Bauch wéint deem, do wor hien iwwerzeegt hätt nie hien d’Meedche jo gereecht.

7. Den Heng goung och op d’Freierei an hat geschwënn eent fonnt et wor net schéin an och net g’scheit t hat honnertfënnef Pond Den Heng, deen duecht: Wanns du dat hëllst Dann hues d’et een-zwee-dräi ermëlzt 8. Den Heng, deen huet et dach bestued den Heng sou déck a steif mee wéi en sech déi opgelued danzt hien no hirer Päif Oh, wier deen Aarmen rëm eléng Wie bal ermëlzt gëtt, ass den Heng! (Orig.: Zu Mantua in Banden, 1844)

D’Léid voan der Drëppchen Isi Comes (1875-1960) / Max Menager (1874-1963)

1. Äich säin noach gäier op der Wëlt, a lewe mat Pläséier hoan an der Täsch ganz winneg Gëld: äich säin en oarem Déier. Ma su en Drëppchen, mäi Jéngelchen Dat as e léift feint Déngelchen Et lääft den Hals erof, déi r ichteg Gottesgof, fär d’Häerz dee besten Dronk, a micht déi Al rëm jonk. 2. Mäi Papp dat war e brave Mann gehäit mat dräizéin Kanner Et guf klä Mäifel dan a wann An heiando noach manner. 3. T leezt kummen Häieren aous der Stad mat hirem Wësse praalen Déi hoa gint d’Drëppche vill geschwat Äich konnt mich net mi halen: 4. A soon äich äddi mol der Wëlt da gin äich mat Pläséier Da gët sich do owen oagemeld Äich sangen noach en Kéier: aus dem Isi Comes seim Koméidistéck ‚D’nei Police’

Page 13: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

13

Eng wouer Geschicht vun der Keelebunn op d’Weis vum Komper Kueb Sepp Thill, 1935

1. E Mann, dee sollt d’lescht spéit vum Keeleniesse gon En hat den Dronk an d’Speis um Kollisknäppche ston Et wor em esou schlecht E räppst, e keimt, en hächt An alles muss sech son: do ass e Mann, dee brécht! Op d’Weis vum Tradiralla la .. . 2. A wéi dee Mann do koum op d’Jonggesellebud Do hieft e leschte Stouss säi ganze Mo an d’Lut Du housch et schnell ze man Wou stong de Lavoir dann En duecht, du späitz d’Geschicht do an dee Komp eran! 3. Dach an der Däischtert huet en d’Direktioun gefeelt A rennt an d’offe Fënster ir en dräi gezielt Du huet e lass gelooss Et fällt de ganze Frooss Zwéin Häre grad op d’Kopp, déi gongen an der Strooss! 4. Déi Häre fänken drop e grousst Gebirels un: ‚Dir Schwäin, loosst ären Dreck dach op der Keelebunn, ass dat eng Sauerei! Wie keeft ons neit Gezei? Dat do gëtt eng Geschicht fir d’staatlech Polizei! 5. An onse gudde Mann, deen äntwert op en Neis: ‚Haalt allebéid är Maul, ech froen iech, dir Lais t wor Zäit an ech mouch duer Wat hat dir dreckeg Puer Dann ausgerechent do am Lavoir verluer?’

6. Dofir, dir Hären, zitt aus der Geschicht dee Schloss: Gesitt der nuets e Mann, dee kënnt vum Keelefrooss Da loosst e roueg gon Gitt heem a sot keen Toun A komm der bei seng Fënster, schlot e grousse Boun!

Wa se muerges fësche ginn Batty Weber / däitsch Volleksweis ëm 1850 1. Wann se muerges fësche ginn, juppheidi- juppheida, kënn der s’op der Gare gesinn juppheidi-heida d’Anglen héich an d’Schong geschmiert wann den Zuch an’t Eisléck fiert. Juppheidi - juppheida, juppheidi-heidi-heida, Juppheidi - juppheida, juppheidiheida! 2. Mierscherdall, wéi bass d’sou laang! Flory, weis mer mol deng Staang Domat werf’s de sécher wäit? Bis an d’Wiss ob d’aner Säit! 3. Wéini kënnt dann Ettelbréck? Pol, wat hëlls d’haut fir eng Méck? Eefalt! Ëmmer déi, déi geet! Merci Pol, ech weess Bescheed! 4. Ettelbréck, daje, daje! Wärm er dach nees ënnerwee! Wuerop ward’ mer da sou laang? T hätt ee well sechs Pond gefaang! 5. Sauer! Tunnel! Mechela! D’Rucksäck un! Hip Hip Hurra! An da geet den Zodi lass Wee fir d’éischt beim Waasser ass! 6. D’Jempi seet: Hei bäisst kee Giw Ech sinn an der Koprativ An ech fur’n no Göbbelsmill Do ass Frell a Barw um Dill!

Page 14: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

14

7. Göbelsmillen! O Mammo! Siw’n a fofzeg stinn der do! Fofzeg komm’n der nach derbäi Honnert siw’n an enger Rei! 8. Jongen, hei kënnt Kautebaach! Kuckt net aus, soss krit d’r e Schlag Héil der Däiwel, wat e sollt Wär all Baach sou reng wéi Gold! 9. Fort mam Jabel, d’Nuesen zou! Hei, lei gëtt mäi Hierz rëm frou Hei ass d’Waasser rëm sou kloer Wéi et wor vir dausend Joer! 10. All dir Baach’n, a Clierf, an Our Globbches Kreschtes alleguer Wou dir dauscht am Wisegrond Gëtt de kränkste Mann gesond! 11. O du séileg Fëscherei Maach ons nees ons Hierzer nei Bis mer mat dem Fëschgeschir Klappen un der Himmelsdir!

Das Lied vom echten Jägersmann (Poutty Stein/Siwebierger Volleksweis) 1. Ich schieß den Has’ im Stoppelfeld das Huhn im Gromprestéck! Für den Fasari hat’s geschellt Wenn’ch auf den Zäppchen dréck. Kein Ort, der Schutz gewähren kann Wohin mein Fisick biecht. Und dennoch hab ich stolzer Mann den Hektor oft gefiecht 2. Ich schieß’ das Huhn eweg vom Mist die Taube flang von Dach ich pürsch’ mich an den Bock mit List die Geiß fällt im Gekrach Mein Blick ist scharf wie der vom Luchs Ich fehle nie mein Ziel Und dennoch schoß ich durch die

Bux manch Treiber ins Gefühl 3. Mit Hussa zieh ich Morgens aus wenn’s Rehwild brunften tut ich stecke stets mir im voraus den Bruch schons auf den Hut Wenn im Beschlag der Bock ist dran Mein Schrot dann mörd’risch zielt Und dennoch hab’ ich harter Mann die Liebe auch gefühlt! 4. Wenn kalt der Winter schleicht ums Haus der Schneesturm wild erbraust dann lockt der Keiler mich hinaus der tief im Walde haust Und dringt ein leis Geräuschelchen Vom Dickicht an mein Ohr Dann husch wie ein Kaweichelchen klimm ich am Baum empor! 5. Ich schieß sowohl im eig’nen Busch wie auf des Nachbars Jagd Und kommt der Ferschter wird sich husch Gleich aus dem Stipps gemacht Ich streich auf meiner Stipp’ umher Und die behapten tun: Daß ich kein echter Jäger wär Ja das ist mir ganz eintun! 6. Jed’ Tag spazier’ ich durch die Stadt in Jägeruniform und wenn der Abend eingetratt eil ich zur Schenk im Sturm Dort wallt mein Jägerblut und zieht Mir heiß das Herze an Und alles s ingt im Chor das Lied vom echten Jägersmann!

Page 15: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

15

Tsuang P.Stein/K.J.Alford 1. Tsuang, du aalt versoffent Schwäin Tsuang, du sténks no Branntewäin Tsuang, ech weess net, Tsuang Wéis du dat dreifs , dass du esou säifs! Tsuang, du aalt versoffent Schwäin Tsuang, e Kar’li Branntewäin Tsuang, du hou’ren Tsuang Du kipps e jo ganz r`an an d’Panz! Ëmmer am Damp, ëmmer am Stëbs, ëmmer zatzevoll Eng Drëpp gëtt op déi aner geholl Sief et en Zwir, sief et eng Grouss, puren Alkohol Schëtts du dir sou hannert de Knapp vum Coll! Bass du sat, bass du gewichst, kommen d’A gequoll Da gëtt nach an der Gaass getroll Fouss op d’Panz, blo däin A, e Protokoll O Tsuang, So wéi dat ausgoe soll! 2. Tsuang, hunn ech dech endlech fonnt Tsuang, du stéits verlaafnen Hond Tsuang, du Ekel, Tsuang deen net verdéngt, datt d'Sonn fir hie schéngt Tsuang, wéi ass et mat der Pei Tsuang, kuck nëmmen däi Gezei Tsuang, wou ass de Kulang deens du net mooss a j iddfer Strooss Ouni so, ouni Kraaft, keng Grëtz Verstand säifs du dech ausser Rand a Band dobäi kann ech mech aarm onschëlleg Mod zu Doud krepéi'ren an dem houre Stot. A wann da vun dem Soff deng Giisch entbrannt méchs du mir alt erëm e Kand 't ass fir ze frecken ouni ze zécken, hei 'lo op der Plaz Tsuang, mäi Jong, du bass e Vull fir d'Kaz!

3. Tsuang, du hues deng lescht geschluppt Tsuang, du hues fir d' lescht gehouscht Tsuang, ech schlon der rang flang de Präbbli op deng sabbleg Kopp Tsuang, lo lä is d'an denger Lued Tsuang, ' t ass wierklech batter Schued Tsuang, o aarmen Tsuang Du gees ' lo of, ' t ass aus mam Soff! Nimools méi, guer keng Grëtz, keng eenzeg Drëpps netzt je nach deng erkaalte Lëps a während's du do hann'n am Däischtren tapps drénke mir hei weider Schnaps op Schnaps. Keemol méi lalls du nach mat séilgem Hick verlooss steet do deng Fläsch mam Schnick a wanns du ouni Goût Ambrosia säifs frecks d'all Dag op en Neis a liew’ges Leifs 4. Tsuang, du aalt versoffent Schwäin Tsuang, ' lo lä is d'an dengem Schräin Tsuang, avoir mäin Tsuang Du gees elo of, ' t ass aus mam Soff! Tsuang, dens du am Himmel bass Tsuang, ech stëften dir eng Mass Tsuang, o hellgen Tsuang ech si geplot, schenk mir deng Gnod! 'T ass jo eng Sënn, 't ass jo eng Schan, ech verlompe ganz hei am versoffne Rousekranz mäi latzgen Duuscht, de sau're Mëssewäin verhonze mir mäin Hellgeschäin 't bleift mir soss näischt, als leschten Trouscht dech unzeflehn huel mir déi éiweg aus dem Been soss kritt zulescht mat menger voller Panz de Beelzebiibbche mech mam Schwanz! Orig. Musek: Colonel Bogey March 1914

Page 16: S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r - urwald.lu · `t wor Rendez-vous bei mengem Kand. V’run dem Zelt do stong eng Wuecht, Mat engem Beilen an der Hand. O déi Angscht

S t u e d T h e a t e r G r é i w e m a a c h e r

16

D’Meedche vu Lëntgen Orig.: D’Meedche vu Gëtzen 1. Et wor mol e Meedche vu Lëntgen, oho! `t wor brav a sou fromm wéi eng Nënnchen, Vu Vesper, Andacht a Mëssen Do duerft hatt keng eenzeg vermëssen, oho! Oho! 2. Ze danzen, ze juxen, ze laachen Dat alles dat duerft hat net maachen Den Här hat him et verbueden Et kënnt senger Séil ze vill schueden! 3. Sou soutz et dann do nur ze bieden seng Krällen ze drécken, ze frieden géint Himmel verléift ze barlucken an éiweg am Beichtstull ze hucken. 4. Den Här huet dat Meedche bewonnert 't krouch d'Abläss a Seege mam Honnert si soutzen oft Stonnen zesummen déi hellegste Lidder ze summen. 5. An eemol wéi si do sou sangen gesouch hat all d'Engelcher sprangen 't huet d'Geien an d'Flütte gehéiert et duecht 't géng zum Himmel entféiert. 6. Den Här sot: 'O, dir ass, mäi Këndchen ee Wonner geschitt lo dës Stënnchen du wärs lo verspiere munch Schmierzen en Engelche sëtzt der am Hierzen'. 7. Ma wat den Här sot, dat wor wouer eng Liggen seet ni e Paschtouer et krouch dat bravt Meedche vu Lëntgen vum hellege Geescht e klengt Këndchen 8. Dir Meedercher loosst iech beléi'ren loosst ni vun der Kierch iech verféi'ren well laaft dir jidd Stënnchen an d'Kierech op eemol sidd d'r all iww'rem Biereg!

`t ass schéin zu Maacher René Thiry 1. Ech weess op der Musel een Stiedchen sou nett am Dall, schéin an dofteg an d’Riewe gebett do gi frou gefeiert nach Drauwen a Wäin do laacht aus all Pättchen d’Sonn mat hirem Schäin Jo dat ass éist Maacher wéi schéin ass et do Déi léifst a f lottste Kanner vu wäit a vun no An dobäi e Wäinchen deen d’Sorrien eem hëllt Ech wësst net wou et schéiner wär op der Welt 2. Do klénkt nach sou freedeg am Wéngert e Léid vum Wäin a vum Fréijoar, wann d’Drauwenheek bléit do gëtt bäi der Arbecht gegeeckst a gelaacht a jonk bleift bestëmmt dee vun deem Wäin do schmaacht! 3. Huet dir op der Arbecht e granzegen Här Huet ausser de Bloumen Är Rous och vill Där Bedrécken eech Stei’ren, ass eidel är Keess vergeesst äre Misär a géit mat op d’Rees Mir ginn dann op Maacher wéi schéin ass et do Déi léifst a f lottste Kanner vu wäit a vun no An dobäi e Wäinchen deen d’Sorrien eem hëllt Ech wësst net wou et schéiner wär op der Welt